Basketballspillerin am AuslandMagaly Meynadier a Saarlouis verpassen d'Coupefinall no Verlängerung

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Coupe am Dammebasket steet dëse Weekend de Final Four zu Berlin um Programm.
© Saarlouis (Archiv)

Mat dobäi ass och nees den Titelverdeedeger Saarlouis Royals mat der Lëtzebuerger Nationalspillerin Magaly Meynadier.

Um Samschdeg huet Saarlouis d’Halleffinall géint d’Lokalekipp Alba Berlin mat 67:71 verluer an domat d’Finall um Sonndeg an eng méiglech Titelverdeedegung verpasst. Berlin huet d’Ufanksphas vum Match dominéiert a sech ofgesat. Saarlouis huet sech am leschte Véierel staark an d’Partie zeréck gekämpft an d’Entscheedung ass an der Verlängerung gefall.

D’Lëtzebuerger Nationalspillerin stoung 14 Minutten um Terrain an huet 2 Punkten markéiert. Saarlouis spillt um Sonndeg (13:00) em Plaz 3, dat entweder géint Keltern oder géint Marburg.

Back to Top
CIM LOGO