Et war en immens wichtegen Dag fir d’Lux Rollers de leschte Sonndeg an der Sportshal vum Rehazenter um Kierchbierg. Et hat ee laang op déi nei Rollstill gewaart, a se elo endlech offiziell vun der Oeuvre Nationale iwwerreecht ze kréien, war fir d’Sportler an de ganze Veräin en immens wichtege Moment. Sou sot de Raymond Schintgen, President vum Veräin: “Engersäits de Grand-Duc, deen eis elo scho fir d’zweet ënnerstëtze kënnt, dat ass deen ee Volet. Den zweeten ass, datt mir dat neit Material konnten iwwerreecht kréie vun der Oeuvre Nationale. Mir haten eis scho laang Gedanken doriwwer gemaach, wéi mir dat kéinten ersetzen. Dat ass awer nëmme méiglech mat der finanzieller Ënnerstëtzung.”
E Rollstull, dee perfekt op d’Besoine vun de Sportler ofgestëmmt ass, gëtt dobäi ëmmer méi wichteg. Bei den ale Rollstill war dat net zu 100 Prozent de Fall, dowéinst ass et ëmsou méi flott fir d’Sportler vun de Lux Rollers, elo mat hiren neie Rollstill kënnen unzetrieden. Dozou sot de Phillippe Faber, Spiller vun de Lux Rollers: “Ech hunn et och nach eng Kéier an der Kabinn gesot gehat, dass, wann ech gewosst hätt, datt ee Rollstull sou vill géif ausmaachen, dann hätt ech vill éischter en neie Rollstull kaf. Ech hat elo bal 15 Joer mäin ale Rollstull an elo krut ech en neie mat e puer Modifikatiounen. An et ass e ganz anert Spill. Fir eis bedeit dat einfach immens vill.”
An de leschte Joren ass den Niveau insgesamt am Rollstull-Basket staark erop gaangen, wat et natierlech nach eng Kéier méi wichteg mécht, fir bessert Material ze hunn. Dat gesäit och de Raymond Schingten esou: “Et gëtt ëmmer méi mat Taktik gespillt. De Pick and Roll gëtt ëmmer méi wichteg. Et gëtt ëmmer méi vu bausse geschoss. Wann een da méi enk mat sengem Material verbonnen ass, ginn d’Matcher um Terrain och méi spektakulär.”
Spektakulär waren d’Matcher de leschte Weekend op alle Fall. Géint Wiesbaden musste sech d’Lux Rollers moies zwar nach mat 34-60 geschloe ginn, géint Essen konnt een am Nomëtten awer no engem immens spannende Match no Verlängerung mat 58-57 gewannen. Fir déi zwee Matcher waren och eng Jett Spectateure kucke komm, an och an Zukunft soll de Rollstull-Basket nach méi an de Fokus geréckelt ginn. Doriwwer freet sech de Phillippe Faber: “Rollstull-Basket bleift nach ëmmer eng Randsportaart. Mir mierken awer, datt mir an de leschte Jore vun den Zuschauer hier däitlech bäigeluecht hunn. Dat freet eis immens an et gëtt och vill vun eis geschwat dobaussen. Mir mussen esou weidermaachen, datt et iergendwa selbstverständlech ass, e Match vun der Lux Rollers kucken ze kommen.”
D’Entwécklung an de leschte Jore war dobäi schonn eng ganz positiv an et soll mat den neie Rollstill och esou weidergoe fir d’Lux Rollers.