
Um Sonndeg konnt sech de Coupe-Gewënner Arantia Fiels auswäerts kloer mat 115:92 géint Mamer duerchsetzen. Mat 27 Punkten a 15 Assists konnt de Kevon Godwin bei de Gäscht iwwerzeegen. D’Fiels bleift domat punktgläich mam Leader Sparta un der Tabellespëtzt.
Méi enk war d’Partie tëschent dem Basket Esch an de Musel Pikes. Um Enn wannen d’Gäscht vun der Musel iwwerraschend mat 98:89 a séchere sech domat wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. De Jalen Key war mat 30 Punkten de beschte Spiller um Terrain.
Ee Spilldag viru Schluss vun der regulärer Saison steet fest, wéi eng 8 Ekippen am Playoff wäerten untrieden. D’Kordall Steelers setze sech nämlech mat 93:86 géint d’Résidence Walfer duerch a séchere sech domat de leschten Ticket fir d’Playoffs. Mat 26 Punkten huet den Erik Timko am beschte getraff bei der Lokalekipp.
D’Etzella Ettelbréck wënnt däitlech mat 92:68 géint den T71 Diddeleng. Mat 31 Punkte war de Philippe Gutenkauf net ze stoppen. No engem ausgeglachenen éischte Véierel huet d’Lokalekipp e Virsprong erausgespillt an de Match bis zum Schluss dominéiert.
Eng souverän Victoire gouf et fir d’Amicale Steesel, dat beim 99:66 auswäerts géint den Tabelleleschten AB Contern. Schonn an der Paus louchen d’Gäscht 60:31 a Féierung. 10 Spiller hu bei de Gäscht Punkte markéiert, den Ahston Sherrel koum op 28 Punkten.
Den Tabelleleader Bartreng feiert och eng däitlech Victoire, doheem huet d’Sparta sech mat 91:64 géint de Racing Lëtzebuerg duerchgesat. 25 Punkten goungen op de Kont vum Victor Iwuakor.
Um Sonndeg setzt sech d’Sparta Bartreng mat 82:65 géint de Basket Esch duerch. D’Gäscht verpassen domat eng virzäiteg Qualifikatioun fir d’Halleffinall. D’Adryana Quezada konnt 24 Punkte fir d’Lokalekipp markéieren.
De Leader T71 Diddeleng setzt sech mat 99:81 géint d’Amicale Steesel duerch. Mat 27 Punkte konnt d’Svenia Nurenberg bei der Lokalekipp iwwerzeegen. D’Gäscht vu Steesel hu missen op eng Profispillerin verzichten an dëser Partie.
Den AB Contern séchert sech duerch eng 78:61-Victoire géint Wolz déi drëtte Plaz an der Tabell a spillt an der Halleffinall géint den Tabellenzweete Sparta Bartreng. D’Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj huet mat 14 Punkten, 12 Rebounds an 10 Assists en “triple-double” markéiert.