
Bei dësem gréisste College-Tournoi an den USA spillen déi 68 stäerksten Ekippe géinteneen. All Match ass eng kleng Finall, nëmmen de Gewënner vun all Ronn kënnt an den nächsten Tour. D’Oregon Ducks hunn des Saison 22 Matcher gewonn an 12 Matcher verluer.
D’Ehis Etute konnt sech am Laf vun der Saison ëmmer méi staark beweisen, si koum am Schnëtt op 12,6 Punkten an 8,9 Rebounds pro Match. Mat zum Deel ganz staarke Matcher huet d’Nationalspillerin och medial Opmierksamkeet op sech gezunn.
Beim March-Madness-Tournoi huet d’Etute elo d’Méiglechkeet, hir Qualitéiten op enger grousser Bün ze weisen. Géigner vun Oregon ass den 20. Mäerz Virginia Tech.
Isa Hämäläinen a Colorado och dobäi
Eng weider Lëtzebuergerin wäert beim March Madness dobäi sinn. D’Isa Hämäläinen spillt zënter dëser Saison bei de Colorado Buffaloes, stoung awer bis elo kaum um Terrain bei der Ekipp. Colorado wäert am éischten Tour géint Illinois spillen.