
Den T71 Diddeleng geet an der Finall-Serie 1:0 a Féierung, dat mat enger däitlecher 107:72-Victoire an eegener Hal géint den AB Contern. Séiere Basket mat ville Punkten hunn d'Supporter vun Ufank u gesinn, op béide Säite si vill Wërf gefall an den T71 louch nom éischte Véierel 25:22 a Féierung. Den zweete Véierel huet Diddeleng nach e Gank eropgeschalt an am Ganze 35 Punkten an dësen 10 Minutte geworf, an der Paus war de Virsprong fir d'Lokalekipp schonn däitlech (60:42).
Conter sollt sech net méi zeréck an d'Partie kämpfen, ze staark ass déi Diddelenger Attack gedréint an de Virsprong gouf och am drëtte Véierel weider ausgebaut. Um Enn huet d'Lokalekipp insgesamt 16 Dräier getraff an de Match kloer fir sech entscheet. D'Shalonda Winton konnt 26 Punkte markéieren, d'Lauren Van Kleunen (24), Catherine Mreches (19) a Svenia Nurenberg hunn och zweestelleg getraff.