Basketball-ChampionnatDiddeleng mat staarkem Finish géint Conter, Bartreng klappt d'Pikes

RTL Lëtzebuerg
Am nationale Basketball-Championnat stoung dëse Weekend den drëtte Spilldag vum zweeten Tour vun der Qualifikatioun bei den Dammen um Programm.
© Christophe Hochard

Dammen

Um Sonndeg huet sech d’Sparta Bartreng 94:55 géint d’Musel Pikes duerchgesat. D’Nicole Torresani konnt bei der klorer Victoire vun der Sparta 31 Punkten markéieren, d’Cathrin Wolff (18) an Lena Mersch (15) hunn och gutt getraff bei der Lokalekipp.

Den Tabellenéischten T71 Diddeleng wënnt doheem mat 89:73 géint den AB Contern. D’Gäscht konnte bis an den drëtte Véierel mathalen, duerno huet Diddeleng allerdéngs d’Kontroll vum Match iwwerholl an de leschte Véierel 23:10 fir sech entscheet. D’Shalonda Winton war mat 33 Punkten net ze stoppen, d’Lauren Van Kleunen koum op 29 Punkten.

Diddeleng bleift ënnert dem Tom Schumacher ongeschloen
Den Tabellenéischten T71 Diddeleng wënnt doheem mat 89:73 géint den AB Contern.

D’Amicale Steesel setzt sech doheem däitlech mat 81:65 géint den Tabelleleschte Wolz duerch. Schonn an der Paus louch d’Lokalekipp 46:38 a Féierung. D’Kathryn Missavage huet an engem staarke Kollektiv mat 16 Punkten erausgestach.

Back to Top
CIM LOGO