Basketball-ChampionnatEttelbrécker Häre stinn an der Halleffinall, Damme vun Diddeleng qualifizéiere sech fir d'Finall

RTL Lëtzebuerg
De Weekend stinn an de an de Véierelsfinalle vun der Enovos League bei den Hären dräi entscheedend Matcher um Programm. Dës Serië ginn am Best-of-Three-Modus gespillt.
© Roland Miny

Hären

1/4-Finallen

D'Amicale Steesel setzt sech an eegener Hal mat 79:65 géint de Basket Esch duerch a steet domat an der Halleffinall. D'Partie war dräi Véierel laang ausgeglach, am leschte Véierel huet Steesel sech ofgesat an dësen 31:19 gewonnen, fir um Enn ze jubelen. De Malcolm Richardson koum op 24 Punkte fir d'Lokalekipp. De Géigner an der Halleffinall kennt d'Amicale eréischt e Sonndeg, wann d'Ettelbrécker Etzella géint d'Kordall Steelers spillt.

D'Sparta Bartreng kann den Heemvirdeel och notzen a wënnt mat 80:69 géint d'Résidence Walfer. Bartreng spillt an der Halleffinall géint den T71 Diddeleng. E staarke Yannick Verbeelen huet dofir gesuergt, dass d'Sparta sech fréi am Match e Virsprong erkämpfe konnt. Walfer huet et gepackt am véierte Véierel nach emol kuerzzäiteg d'Hoffnung op e Comeback opkommen ze loossen, Bartreng huet d'Schlussphas allerdéngs nees kontrolléiert. 4 Spiller hu bei der Sparta mindestens 12 Punkte geworf, den Victor Iwuakor koum op 20 Punkten.

Bartreng steet no Victoire géint Walfer an der Halleffinall
No 40 Minutte stoung et 80:69 fir d'Sparta.

Um Sonndeg huet sech d'Etzella Ettelbréck an eegener Hal mat 99:59 géint d'Kordall Steelers duerchgesat an sech domat fir d'Halleffinall géint d'Amicale Steesel qualifizéiert. Mat engem 29:14 am drëtte Véierel huet d'Lokalekipp Kontroll iwwer de Match geholl an um Enn souverän gewonn. De Philippe Gutenkauf koum op staark 27 Punkten.

Playdown

Am Playdown setzt sech de Racing Lëtzebuerg auswäerts mat 95:82 géint den AB Contern duerch. Conter ass säit leschtem Weekend offiziell ofgestigen, fir de Stater Racing zielt all Punkt fir d'Zil Klassenerhalt.

D'Musel Pikes séchere sech bei enger spektakulärer Victoire no duebeler Verlängerung (95:94) géint Mamer wichteg Punkten am Ofstigskampf. De Marko Mustafic huet just eng Minutt gespillt, dofir awer den entscheedenden Worf mat der Schlusssiren fir d'Pikes getraff. De Sam Streef koum bei de Gäscht op 23 Punkten.

Zolwer mécht e grousse Schrëtt Richtung Opstig

Am Playoff vun der Nationale 2 setzt sech AS Zolwer auswäerts am Spëtzematch mat 83:74 géint Hiefenech duerch a mécht domat e grousse Schrëtt Richtung Opstig an d'Enovos League. Hiefenech huet trotz der Néierlag weiderhin gutt Chancen den direkten Opstig ze packen.


Dammen

D'Sparta Bartreng setzt sech um Samschdeg auswäerts beim AB Contern däitlech mat 74:61 duerch, gläicht d'Serie 1:1 aus an erkämpft doduerch en decisiven drëtte Match, deen nächste Weekend zu Bartreng gespillt gëtt.

No enger iwwerraschender Defaite am éischte Match vun der Serie ass de Coupe-Gewënner Bartreng ganz konzentréiert an d'Partie gestart a louch nom éischte Véierel schonn 23:8 a Féierung. Conter huet sech am zweete Véierel zwar gesteigert an de Réckstand verkierzt, mee Bartreng konnt sech am drëtte Véierel mat bis op 20 Punkten Virsprong ofsetzen.

D'Lokalekipp huet am leschte Véierel alles probéiert, konnt awer net méi fir Spannung suergen. D'Jordan King konnt 28 Punkten fir d'Sparta markéieren, d'Bridget Yoerger koum op 19 Punkten an 13 Rebounds. Um Sonndeg spillt de Basket Esch géint den T71 Diddeleng, d'Gäscht kënne mat enger Victoire an d'Finall anzéien.

Diddelenger Dammen zéien an d'Finall an
No der klorer 86:61-Victoire géint Esch steet den T71 als éischte Finalist fest.

Um Sonndeg huet sech den T71 Diddeleng virzäiteg fir d'Finall qualifizéiert. Mat enger 86:61-Victoire auswäerts géint de Basket Esch huet Diddeleng d'Serie mat 2:0 fir sech entscheet. 31 Punkten goungen op de Kont vum lauren Van Kleunen, d'Shalonda Winton huet mat 17 Punkten, 11 Assists an 10 Rebounds en "triple double" markéiert. E Comeback huet d'Catherine Mreches gefeiert, si hat sech an der Coupefinall am Februar blesséiert a steet elo fir d'Finall nees am Kader.

Back to Top
CIM LOGO