
Den zweete Match vun der 1/2-Finall hunn d'Gäscht vu Bartreng mat 82:70 géint Diddeleng fir sech entscheet. Si gewannen d'Serie 2:0 a stinn domat als éischt Ekipp an der Finall.
D'Gäscht si staark an d'Partie gestart a louchen nom éischte Véierel 22:14 a Féierung. De Profispiller Victor Iwuakor, dee sech am éischte Match blesséiert hat, konnt zwar agesat ginn, war allerdéngs net richteg fit an huet doduerch och net seng gewinnte Spillzäit kritt. Bei der Sparta huet sech d'Verantwortung allerdéngs op e puer Spiller verdeelt an esou konnten d'Gäscht de Virsprong bis zum Enn vum drëtte Véierel geréieren. Am leschte Véierel ass Diddeleng méi staark ginn an huet duerch en Dräier vum Jimmie Taylor dräi Minutte viru Schluss eng éischte Kéier d'Féierung an der Partie iwwerholl.
An enger enker Schlussphas hat d'Sparta a Persoun vum Jarvis Williams de stäerkste Spiller, hien huet wichteg Schëss getraff a koum um Enn op 37 Punkten. De Max Logelin (16 Punkten) a Yannick Verbeelen (15) hunn och iwwerzeegt.
Um Donneschdeg spillt d'Amicale Steesel géint d'Etzella Ettelbréck, d'Gäscht kéinte mat enger Victoire an d'Finall anzéien.