
D’Partie vun de Philadelphia Warriors géint d’New York Knicks war an der klenger Stad Hershey am US-Bundesstaat Pennsylvania ugesat, ronn 85 Meile vu Philadelphia ewech. Well d’NBA an hirer Fréizäit nach net terribel vill Zoulaf hat, wollt ee sech um Land presentéieren, fir nei Fans ze gewannen. De beschte Spiller vun de Warriors war deen Dag net a senger beschter Verfaassung. De Wilt Chamberlain soll bis moies fréi zu New York gefeiert hunn, duerno an den Zuch geklomme si Richtung Philly, do mat Frënn gutt zu Mëtteg giess hunn, fir duerno sou just net de Bus op Hershey ze verpassen.
Op der Plaz ukomm, war d’Hal knapps hallef voll a vun de ronn 4.000 Leit waren déi meescht just komm, fir de Football-Profie vu Philadelphia a vu Baltimore bei engem Basket-Jux-Match nozekucken. Och d’Press hat sech net weider an der klenger Stad verlaf. Fir d’Journaliste vun New York war de Fréijoerstraining vun de Baseballsekippen Yankees a Mets méi wichteg, vu Philadelphia ware just puer Radiosleit a kleng Zeitungsreporter komm. Keng Tëleeschaîne wollt de Match iwwerdroen.
Déi Leit, déi de Wee an d’Hal fonnt haten, sollten en NBA-Match fir d’Geschichtsbicher erliewen. 41 Punkte konnt de Center vun de Warriors an der éischter Hallschent markéieren. Am Laf vum drëtte Véierel koum dem “Wilt the Stilt” säi perséinleche Rekord vun 78 Punkten an engem Match an d’Viséier. Wéi d'80 bis geknackt war, hunn d’Fans 100 Punkte gefuerdert. “Si waren ouni Erbaarmen, dobäi war ech schonn esou midd”, sot den Topscorer vun de Warriors spéider. 46 Sekonne virum Enn vum Match konnt den Chamberlain déi 100 Punkte vollmaachen.
Wéi an enger Radiosiwwerdroung vun deemools ze héieren ass, mussen duerno eng 200 Leit den Terrain gestiermt hunn, fir minuttelaang dee Rekord ze feieren. De Rescht vum Match stoung de Wilt Chamberlain just nach am Mëttelkrees. Midd, glécklech an ouni Intentioun, nach emol de Kuerf ze treffen. “100 kléngt besser wéi 102", soll den 2m16 grousse Superstar duerno gesot hunn. De Match goung 169:147 fir Philadelphia aus.
Bis haut ass dee Rekord vun 100 Punkten an enger NBA-Partie onerreecht. 2006 war de Kobe Bryant mat sengen 81 Punkten am nooste komm. No der Saison vu sengem Punkterekord hat hien eng Moyenne vu 50,4 Punkte pro Match opweises. Den 2m16 grousse Wilt Chamberlain war ee vun den dominantste Spiller iwwerhaapt. Punkten, Rebounden, Blocken, hie war déi ultimativ Waff um Basketsterrain.
Seng eenzeg Schwächt waren d’Fräiwërf. Um Enn vu senger Karriär stoung e miserabele Wäert vun 51,1% Trefferquot, dee sou guer net an déi soss iwwerwältegend Statistike passt. Wéinst him hat d’NBA d’Reegel agefouert, dass bei engem Fräiworf net d’Linn iwwerschratt dierf ginn, bis de Ball de Rank beréiert. Den Chamberlain hat et sech zur Gewunnecht gemaach, senge schlechte Wërf direkt nozegoen an ze dunken.
D’Knicks haten hien a sengem Rekordmatch vun 1962 express ëmmer rëm gefoult, fir Fautë mussen ze schéissen. Just datt den Chamberlain déi Kéier 28 vu 32 Wërf treffe sollt. Bis haut sinn och ni méi Fräiwërf an engem Match vun engem eenzele Spiller markéiert ginn. Bis haut huet och kee Spiller méi Fauten dolaanscht gesat wéi hien. 5805x war de Ball dolaanscht gaangen.

Iwwerhaapt daucht den Numm Wilt Chamberlain haut nach dacks an de Lëschte vun de Rekorder op. 23.924 Rebounden, 55 Rebounden an enger Partie, 6x méi wéi 70 Punkten an engem Match, 32x méi wéi 60 Punkten an engem Match, 118x méi wéi 50 Punkten an enger Partie, iwwert seng ganz Karriär eng Moyenne vun 30,1 Punkte pro Match. Ausserdeem war den Chamberlain 4x zum MVP gewielt ginn, a war a senger ganzer Karriär ni mat 6 Feeler vum Terrain geflunn.
Seng éischt Plaz an der éiweger Lëscht vun den Topscorer ass hien awer scho laang lass. Zu senger Zäit gouf et nämlech nach keng Dräipunktewërf. Dass um Enn vum Chamberlain senger Karriär just zwee Championstitele stoungen, läit dorun, dass hie seelen déi passend Spiller bei sech an der Ekipp hat, fir sech géint déi deemools dominant Boston Celtics mat hirem Superstar Bill Russell kënnen ze behaapten.
No senger Karriär an der NBA hat “The big Dipper” d’Offer, fir an der Konkurrenzliga ABA Spillertrainer zu San Diego ze ginn. Duerch säin nach lafende Kontrakt mat de Los Angeles Lakers war him awer verbuede ginn, ze spillen. No enger Saison op der Bänk hat hien es genuch. Et goung awer an anere Sportaarte weider fir den Chamberlain. Hien huet op Weltklassniveau Beachvolleyball gespillt an huet sech am Tennis an am Polo versicht. Mat iwwer 60 soll hien op Hawaii nach e Marathon gelaf sinn.
Donieft konnt den Chamberlain sech och zu Hollywood en Numm maachen, mat enger Nieweroll am Schwarzenegger-Film “Conan the Destroyer”. Seng Trikotsnummer “13" gëtt op sengem College am Kansas, bei de Philadelphia 76ers a bei den L.A. Lakers net méi verginn. Den 12. Oktober 1999 sollt ee vun den dominantste Basketspiller vun allen Zäiten am Alter vun nëmmen 63 Joer doheem un Häerzversoe stierwen, nodeems seng Gesondheet sech an de Méint virdru rapid verschlechtert hat.
