Mercedes huet sech mam Trio Max Verstappen, Daniel Juncadella a Jules Gounon d’Victoire bei der NLS-Course um Nürburgring geséchert. No engem laangen Zweekampf mat BMW un der Spëtzt konnt virun allem de Max Verstappen beim leschte Wiessel zum Schluss e komfortabelen Ecart vun enger knapper Minutt opbauen an d’Victoire sécher iwwert d’Zillinn bréngen. Hannendrun ass BMW op déi zweet Plaz komm a Porsche op Plaz 3. De Podium knapp verpasst huet d’Ekipp Losch mam Dylan Pereira, déi am Porsche ënnerwee war.
De Max Verstappen war mat der Ekipp Winward-Mercedes vun der Pole Position an déi véier Stonne laang Course gestart a konnt déi éischt Plaz direkt nom Depart och souverän behaapten. Méi gekämpft gouf hannendrun, virun allem den David Pittard, dee vun der 6. op déi 3. Plaz gesprongen ass, war ee vun de grousse Gewënner vum Start. Wärend am Mëttelfeld weider gestridde gouf, konnte sech de Max Verstappen an de Christpher Haase am Audi op de Plazen 1 an 2 e Stéck un der Spëtzt ofsetzen. Do ass et dem däitsche Pilot dann och gelongen, de Formel-1-Weltmeeschter hannert sech ze loossen. Fir eng knapp Stonn hu sech béid Piloten ëm d’Spëtzepositioun gestridden an dacks huet de Verstappen et mat Attacke probéiert. Réischt kuerz virum éischte Pilotewiessel ass dem Hollänner säin Iwwerhuelmanöver endlech gelongen.
Nom Wiessel konnt sech den Daniel Juncadella am Mercedes da weider ofsetzen a wéinst dem Timing vun de Boxestoppe gouf d’Feld hannendrun nees e bëssen opgemëscht. Sou war et den Jordan Pepper am BMW, dee sech ronn 10 Sekonnen hannert den Juncadella gesat huet. Nom zweete Pilotewiessel gouf d’Spëtzenduell dann nach eemol méi enk. Elo war et den Dan Harper, deen am BMW gutt Drock op de Jules Gounon am Mercedes gemaach huet. Well den unhalende Kampf ëm déi éischt Plaz deenen zwee Piloten e puer Sekonne kascht huet, huet sech lues a lues och nach de Christian Krognes am Aston Martin ëmmer méi ugelauert.
Wéinst enger Strofronn fir den Dan Harper am BMW ass de Réckstand op de Leader am Mercedes dann awer e gutt Stéck geklommen, ma och ouni dës Strof war de Julos Gounon gutt ënnerwee an hat sech scho selwer ëmmer méi ofgesat. Den Dylan Pereira am Porsche huet ëm dës Zäit da seng P5 un e staarke Christopher Haase am Audi ofginn, deen de Réckstand vu sengen Teamkolleegen nees opgeholl huet a séier zréck an d’Top5 gefuer ass. An enger spannender Schlussphas war an der Fro ëm d’Plazen um Podium an och hannendrun awer nach laang näischt decidéiert. Manner wéi 10 Sekonne waren d’Plazen 2 bis 7 vunenee fort. Un der Spëtzt war de Max Verstappen nom leschte Wiessel nach eemol an den Asaz komm a war mat iwwer enger Minutt Ecart net méi anzehuelen. Sou geet d’Victoire um Enn och un de Mercedes-Trio Verstappen-Juncadella-Gounon, dat virun der BMW-Ekipp Harper-Pepper an der Porsche-Ekipp Heinemann-Müller. Den Dylan Pereira huet mat sengen Teamkolleegen Tobias Müller a Patrick Assenheimer vu Losch Motorsport de Podium ëm nëmmen dräi Sekonne verpasst a klasséiert sech um Enn als Véierten.