Rallye Dakar: 8. EtappSaood Variawa suergt fir Iwwerraschung, schwieregen Dag fir Charles Munster

Jeff Birsens
De südafrikanesche Pilot huet duerch eng staark Leeschtung am leschten Ofschnëtt opgeholl a sech d'Victoire vum Dag mat engem knappen Ecart vun nëmmen dräi Sekonne geholl.
Toyota Gazoo Racing SA South African driver Saood Variawa and French co-driver Francois Cazalet compete in the prologue, which determines the starting line-up for the first stage of the 48th edition of the Dakar Rally 2026, between Yanbu and Yanbu, Saudi Arabia, on January 3, 2026. (Photo by Giuseppe CACACE / AFP)
© AFP

E Méindeg ass et op der 8. Etapp vun der Rallye Dakar 2026 eng iwwerraschend Victoire fir de Saood Variawa ginn. De südafrikanesche Pilot vun Toyota konnt sech no laange 483 Kilometer ronderëm Wadi Ad Dawasir mat engem knappen Ecart vun dräi Sekonne virum Henk Lategan an 29 Sekonne virum Matias Ekström behaapten. Bei der Tëschewäertung no 382 Kilometer war de Variawa nach de Sechsten, duerch e couragéiert Fueren am leschten Deel ass et um Enn awer fir d’Plaz ganz uewen um Podium duergaangen.

Am General bleift den Nasser Al-Attiyah vun Dacia weider de Leader. Op der Arrivée hat hien e Réckstand vun 1:16 Minutt an ass domat de Véierte ginn. Hannendru réckelen den Ekström (+4:00 Minutten) an de Lategan (+6:08) awer nees e Stéck méi no.

De Charles Munster ass op der 8. Etapp den 115. ginn, an der eegener Kategoire den 23.. Wärend der Course hat hien zesumme mam Co-Pilot Xavier Panseri mat enger Rei technesche Probleemer ze kämpfen. E puer Mol hu si misse stoe bleiwen a sinn dann hannen am Stëbs nees weidergefuer. Duerch dës Plaz um Méindeg wäert een en Dënschdeg net op enger idealer Plaz un den Depart goen, well d’Ekipp den Joker, fir méi fréi ze starten, schonn opgebraucht huet. Am General steet de Lëtzebuerger Pilot no aacht Courssen domadder op der Plaz 74 am Ganzen an op Plaz 15 an der Kategorie.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO