
An der Qualifikatioun vum Junior Camp, deen zu Zerbst a Sachsen-Anhalt vum AMC Dessau organiséiert ginn ass, goung et virun allem drëm, sech nees un d’Autoen ze gewinnen an e Rhythmus ze fannen. Fir de jonke Loris ass dëst Joer besonnesch spannend, well hien entretemps 10 Joer al ass an domat eng Klass eropgeklommen ass. Elo kann hie mat engem méi staarke Motor fueren.

Hien ass vun Ufank u gutt eens ginn a konnt virun allem mat bessere Reaktiounszäiten op sech opmierksam maachen. De Sprong vun 11,99 Sekonnen op elo 8,9 Sekonnen op der 1/8 Mile ass him gutt gelongen. Mat enger neier Beschtzäit vun 9,03 Sekonne koum hie bis an d’Véierelsfinall, wou hie géint säi grousse Brudder Yannis un de Start goung an do erausgefall ass. De Yannis sengersäits war a gudder Form a konnt et bis an d’Finall packen, déi hien dunn och gewonnen huet.
Mee nieft de Kanner hat d’Ekipp nach eng nei Pilotin um Start: d’Carole Weyland, d’Mamm vun deenen zwee Jongen, huet zu Zerbst ënner der Opsiicht vun engem SFI Foundation-Inspekter hir Lizenzleef gemaach.

D’Carole konnt mat konstant gudde Reaktiounszäiten iwwerzeegen. Och hir Zäite si kontinuéierlech erofgaange bis op 11,53 Sekonnen. Deementspriechend hat den Inspekter keng Bedenken, hir de Certificat auszestellen, dee fir d’Lizenz néideg ass.
Domat wäert d’Famill Weyland mat véier Autoen a Frankräich bei der éischter Manche vum Championnat um Start stoen.
