Sechs Autoen am CoupMann stierft bei schwéierem Accident um Nürburgring

RTL Lëtzebuerg
Um Nürburgring ass e Samschdeg e 66 Joer ale Mann an engem schwéieren Accident ëm d'Liewe komm, dat bei enger Course, un där och de Max Verstappen deelhuele sollt.
Eng Ambulanz op der Pist vum Nürburgring, 18. Abrëll 2026.
Eng Ambulanz op der Pist vum Nürburgring, 18. Abrëll 2026.
© JACK BREKELMANS/NurPhoto via AFP

Bei enger véier-Stonne-Course um Nürburgring, bei där och de véierfache Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen matfuere sollt, ass e Samschdeg e Mann vu 66 Joer bei engem schwéieren Accident ëm d’Liewe komm. Direkt am Ufank vun der Qualifying-Course ware sechs Autoen anenee gerannt.

Déi betraffe Pilote waren all präventiv fir eng Kontroll an d’Klinik komm. Fir ee Mann aus Finnland sollt, am Spidol, awer näischt méi ze maache gewiescht sinn.

Fir d’Doudesaffer ass haut eng Gedenkminutt virgesinn. Déi aner wieren iwwerdeems net a Liewensgefor, wéi et heescht.

De Verstappen sot sech iwwer déi Sozial Medie “schockéiert” iwwert dat, wat um Circuit geschitt ass. Sou Tëschefäll géifen een drun erënneren, wéi geféierlech de Motorsport ass.

Back to Top
CIM LOGO