
Direkt zwou Coursse waren de Weekend um Nürburgring ugesat, fir sech fir d'24 Stonne Course am Mee ze qualifizéieren. Am Qualifying fir den éischte Laf konnt d’Team 48LOSCH Motorsport by Black Falcon hire Porsche 911 GT3 R Evo mat enger staarker Leeschtung op Startplaz 4 stellen. Den Depart ass den Hollänner Daan Arrow gefuer, mee éiert hie fir säin éischte Boxestopp erakomme konnt, war en déidlechen Accident passéiert. No dësem war d’Course ofgebrach an net méi nei gestart ginn.
Fir den zweete Laf um Sonndeg war et nom Qualifying déi 8. Startplaz fir den Dylan Pereira a seng Teamkolleegen. Wéinst engem technesche Problem um Auto waren hinnen awer just e puer Ronne vergonnt. Ëmmerhin konnt duerno an der Box d’Ursaach eendeiteg identifizéiert an de Problem erfollegräich behuewe ginn, sou datt um Enn nach puer Ronne konnte gefuer ginn, fir wichteg Donnéeën an Erfarungen ze sammelen. D’Team 48 LOSCH Motorsport by Black Falcon ass zouversiichtlech, fir Mëtt Mee op der 24 Stonne Course um Nürburgring eng gutt Roll ze spillen.