
De Jong vun engem Italieener an enger Libyerin war ausgebilten Ingenieur a Fachmann fir Motorentechnik. Mat finanzieller Ënnerstëtzung vu sengen Eltere war et 1976 den Ufank vu senge motorsportlechen Aktivitéiten. No Courssen an diversen nationalen Nowuesskategorië war et 1980 mam Titel vum europäesche Formel-3-Champion en éischten internationalen Erfolleg.
D'Joer drop, 1981, goung den Alboreto an der Formel-2-Europameeschterschaft an an der Formel 1 un den Depart. Konnt hien an der Formel 2 op d'mannst eng Course gewannen, sou war an der Kinneksklass, um schwaachen Tyrrell, keen eenzege WM-Punkt ze huelen. Besser ergoung et dem éiergäizegen Italieener déi zwee Joren duerno, wéi hien allkéiers ee Grousse Präis gewanne konnt. Déi éischt Plaz vun 1983 zu Detroit an den USA war déi virleefeg lescht Victoire vun engem Auto ouni Turbomotor.
Duerch seng gutt Leeschtunge war déi Ecurie op hien opmierksam ginn, fir déi all Autorennfuerer un den Depart wëllt goen. De Michele Alboreto sollt dee leschten italieenesche Formel-1-Pilot ginn, deen nach perséinlech vum Enzo Ferrari agestallt gouf. 5 Joer sollt hie fir d'Scuderia fueren an 3 Victoirë fir sech verbuchen. Seng erfollegräichste Saison war déi vun 1985, an där hie bis Mëtt vum Joer Éischten am General war. Um Enn vun der Saison war et de Vizeweltmeeschtertitel hannert dem Alain Prost.

An de Joren duerno war engersäits de Ferrari net méi sou staark an zouverlässeg, anersäits koum mam Gerhard Berger en haarde Géigner fir den Alboreto an d'Team. Ze gären hätt den Italieener, 3 Wochen nom Doud vum Enzo Ferrari, 1988 de Grand Prix vun Italien zu Monza gewonnen. Well säin éisträicheschen Teamkolleeg awer virun him war an ee keng Risike méi wollt agoen, duerft de Berger déi besonnesch Victoire feieren. Eng onglécklech Ausso an engem italieenesche Magasinn iwwert den englesche Ferrari-Konstrukteur John Barnard, mat deem sech den Alboreto net gutt verstanen hat, soll donieft och net dofir gesuergt hunn, datt seng Aktie sech nach emol verbesseren. A senger Plaz koum den Englänner Nigel Mansell op Maranello. E Wiessel bei Williams sollt platzen an d'Cockpitten an den Topp-Autoe waren duerno all besat.
1989 war et de Retour bei Tyrrell. No Streidegkeete mam Teamchef Ken Tyrrell a Problemer mat de Sponsore war et no e puer Courssen an enger drëtter Plaz a Mexiko de Wiessel bei Larrousse. Bei de Fransouse war awer näischt ze räissen, sou datt et déi nächst dräi Joer bei Arrows/Footwork sollt weidergoen. Och hei war dem Alboreto net vill Positives vergonnt. An och a sengen zwou leschte Saisone bei BMS a Minardi sollt um Enn just nach ee weidere WM-Punkt eraussprangen. Den Italieener war an d'Jore komm a konnt sech net méi aus den Déifte vum Klassement no uewe schaffen. Um Enn vu senger 13 Joer laanger Karriär an der Formel 1 stounge 5 Victoiren, 23 Podiumsplazen, zwou Pole Positions, 5 séierst Ronnen an 194 Grand Prixen.
1995 waren et Optrëtter an der däitscher DTM fir Alfa-Romeo, an der Indy Racing League an den USA, mat Depart bei de 500 Meile vun Indianapolis, a bei der 12-Stonne-Course zu Sebring war hien op Ferrari 333SP un de Start gaangen. Zesumme mat sengen Teamkolleege Mauro Baldi an Eric van der Poele koum den Alboreto do op eng gutt 4. Plaz. Hie sollt Gefale fannen un der Laangstreck, war hien dach schonn ugangs den 1980er Jore fir Lancia an der WM fir Sportsween gefuer.

Ee Joer méi spéit war et zu Sebring eng zweet Plaz um Ferrari, wärend hien zu Le Mans bei der 24-Stonne-Course um Joest-Porsche ausfale sollt. An der Indy Racing League konnt hien no enger drëtter Plaz zu New Hampshire eemol op de Podium klammen. 1997 dunn awer endlech erëm e grousse Succès. Um Circuit de la Sarthe konnt hien zesumme mam Tom Kristensen a mam Stefan Johansson d'Gesamtvictoire feieren. Dem Italieener war et dobäi vergonnt gewiescht, dee leschte Stint an domat iwwer d'Arrivée ze fueren. D'Laache war zréck beim Michele Alboreto an hie konnt erëm positiv an d'Zukunft kucken.
Nom Ausfall mat Porsche 1998 zu Le Mans, war den Italieener vun Audi engagéiert ginn, déi nei an der Laangstrecke-WM ugetruede waren. 1999 war et mat de Kolleege Rinaldo Capello a Laurent Aïello eng gutt véierte Plaz. Zu Sebring duerft den Alboreto als Drëtten op de Podium klammen. Bei Audi gouf den Auto duerno staark verbessert, an doraus entstoung eng jorelaang Dominanz zu Le Mans an op der Laangstreck. Plaz 3 zu Le Mans am Joer 2000, Zweeten dat Joer zu Sebring, an 2001 souguer d'Gesamtvictoire fir Audi am US-amerikanesche Klassiker. Konstant topp Resultater fir de Routinier aus Italien. Et louch eppes an der Loft.

No den 12 Stonne vu Sebring am Mäerz, war Audi schonn amgaangen, d'24 Stonne vu Le Mans ze preparéieren, déi traditionell am Juni gefuer ginn. De 25. Abrëll 2001 war den Alboreto fir Tester an Däitschland. Um Oval vun engem Testcenter nieft dem Lausitzring hat hie sech bei ronn 300km/h mat sengem Audi R8 iwwerschloen, war duerch d'Loft geflunn an nieft der Streck um Kapp leie bliwwen. De Michele Alboreto war dout op der Plaz. Grond fir den Accident war eng verluere Schrauf, déi sech an en hënneschte Pneu gebuert an dësen zum Platze bruecht hat.
De fréiere Formel-1-Fuerer, dee just 44 Joer al gi war, huet seng Fra an zwou Duechteren hannerlooss. 2021 war um Circuit zu Monza déi berüümt lescht Kéier, d'Parabolica, offiziell a "Curva Alboreto" ëmbenannt ginn, fir him um 20. Anniversaire vu sengem fatalen Accident ze gedenken. Dem Italieener säin Helm war ëmmer blo a giel, mat bësse wäiss gewiescht. Dësen Design war eng Hommage un de Ronnie Peterson. De Schweed an den Alboreto hate sech 1972 kennegeléiert a ware gutt Frënn bis zum Peterson sengem déidlechen Accident 1978... zu Monza.
