Nom Trounwiessel am Oktober war e Freideg déi éischt Joyeuse Entrée" vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie. An dat zu Esch. Schonn dem Guillaume säi Grousspapp, de Grand-Duc Jean, hat seng éischt Joyeuse Entrée an der Minettmetropol, de 7. Mäerz 1965.
D'Arrivée vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie war éischter ongewinnt. D'groussherzoglech Koppel koum mam Zuch op de Belval. D'Lokomotiv hat den Design vum Trounwiessel.
Um Quai war deen éischten offiziellen Accueil. Hei goufe si vum Escher Buergermeeschter Christian Weis, dem Chamberpresident Claude Wiseler an dem Minister Gilles Roth als Vertrieder vun der Regierung empfaangen.
Vun der Gare aus goung et erof virun d'Rockhal, wou d'Scouten op d'Éieregäscht gewaart hunn. De Grand-Duc, dee jo Chef-Scout zu Lëtzebuerg ass, an d'Grand-Duchesse kruten dobäi e Foulard vun den "Diables Rouges" iwwerreecht.
D'Visitt zu Esch huet der ganzer Regioun gegollt. Um Wee duerch de Belval gouf d'Koppel no an no de Vertrieder vun den anere Süd-Gemenge virgestallt.
Den Optakt vun den Joyeuses Entrées war och net zoufälleg gewielt. De Belval ass e Symbol fir d'Entwécklung vum Land, wou Vergaangenheet an Zukunft sech d'Hand ginn. Hei gouf iwwer Joerzéngte Stol produzéiert. Haut steet de Quartier fir Fuerschung an Entwécklung.
D'Zukunft war dann och de roude Fuedem vun der Expo, déi de Groussherzog presentéiert krut. Modern Betriber, eng innovativ a kreativ Wirtschaft, mat Fokus op Raumfaart an Technologie.
Ënnert den Héichiewen hat d'Musekerin a fréier ESC-Kandidatin Laura Thorn de Groussherzog bei sengem Tour iwwert déi verschidde Stänn begleet.
Grad ewéi d'Arrivée war och den Depart éischter ongewéinlech. Fir den zweeten Deel vun der Visitt war de Grand-Duc nämlech mam Vëlo op Esch gefuer. Dat iwwert den neie Vëlodukt oder besser gesot de Vëlo-Duc.
Hei nach emol eise Liveticker vun der éischter Joyeuse Entrée mat alle Videoen, Fotoen an Andréck: