ValenciaDe Gil Linster viséiert den Titel an der NASCAR Euro Series

Tom Hoffmann
Zu Valencia a Spuenien ginn dëse Weekend déi éischt Manchë vun der NASCAR Euro Series gefuer. Mam Gil Linster ass och nees e Lëtzebuerger mat um Depart.
De Gil Linster viséiert den Titel
Zu Valencia an Spuenien ginn dëse Weekend déi éischt Manchë vun der NASCAR Euro Series gefuer. Mam Gil Linster ass och nees e Lëtzebuerger mat um Depart.

Virun zwee Joer war et dem Lëtzebuerger bal gegléckt, de General ze gewannen.

Nodeems hie d’lescht Joer aus gesondheetleche Grënn dacks ausgebremst gi war, ass de Wëllen elo grouss, dës Saison déi Serie ze gewannen. Virun allem wann ee kuckt, wéi d’Trainingen zu Valencia gelaf sinn. Den Auto vun Hendriks Motorsports huet gutt funktionéiert, och wann Trainingszäite mat Virsiicht ze genéisse sinn.

De Gil Linster: “Elo momentan si mer Drëttschnellsten, dat seet awer nach net all ze vill aus. Natierlech jiddweree spillt e bësse Poker. Déi eng si schonn op neie Pneuen dobaussen, aneren awer op ale Pneuen. Mir hate just gebrauchte Pneuen, dat heescht, do kann ee lo nach net vill soen, mee als Drëtten an den zweete Stint ze goen, ass scho ganz okay.”

D’Euronascar gëtt ëmmer méi kompetitiv. D’Ekippen investéiere méi, schaffen ëmmer méi mat Donnéeën a bréngen doduerch och besser Piloten un den Depart. An anere Wierder: d’Konkurrenz gëtt méi grouss. De Virdeel an enger méi grousser Ecurie ze fueren, huet dann schonn en Avantage.

“Elo hu mer dräi Autoen. Dat ass e risege Virdeel. Mir hunn och Amerikaner elo bei eis am Team, déi ganz vill Erfarung matbréngen. Mir hunn dräi Autoen, dräimol Daten, et kann een dräimol déi verschidden Daten iwwerenee leeën. Dat heescht, et kann ee wierklech dräi verschiddenen Autoen, dräi verschidde Strategië probéieren an dann natierlech déi beschten zesumme wierfele fir den Top-Auto.”

Am ganze ginn 12 Coursen an der NASCAR Euro Series gefuer an d’Strecke kennt de Gil Linster all. Net nëmmen dowéinst, mee och op Basis vun de Resultater aus de leschte Joren an der Erfarung, déi hie sammele konnt, gehéiert den 32 Joer ale Lëtzebuerger zu de Favoritten an der Open-Kategorie. Zu Zolder, spéitstens an der leschter Course vun der Saison, wëll de Gil Linster den Titel feieren.

“Ech hunn aus dem leschte Joer natierlech e bësse Frust nach matgeholl, well ech net all Course konnt un de Start goen, mee jo, d’lescht Joer war d’lescht Joer. Dëst Joer kämpfen ech erëm fir den Titel. Wat ech natierlech och matgeholl hunn ass, dass een net muss all ze aggressiv an eng Saison goen. Ech ginn dat dëst Joer einfach e bësse méi gemittlech hunn. Ech muss net all Course gewannen, fir duerno e Championnat ze gewannen. Et huet ee mat enger schlechter Course séier d’Championnat verluer.”

Wéi de Gil Linster sech zu Valencia aus der Affär zitt, kënnt Dir live bei eis op RTL.lu kucken. E Samschdeg ass den Depart um 17.15 Auer, e Sonndeg gëtt um 11 Auer gestart.

Back to Top
CIM LOGO