RallyeBob Kellen an Nathalie Hoffmann mat Gesamtvictoire um B-Short de Tenneville (B)

Andy Brücker
De Max Schiltz an d'Patricia Wanderscheid kommen op Plaz 22 am General a Plaz 2 an hirer Klass.
Mat um Podium beim Bob Kellen an Nathalie Hoffmann stoung kee geréngere wéi de fréiere Rallye-Europameeschter Bruno Thiry, deen hei op engem Citroën C2R2 Max ugetruede war an op Plaz 3 an der Divisioun 4 koum.
© Georges Ney

E Sonndeg gouf an der Géigend vun Erneuville an der Belsch déi 5. Editioun vum B-Short de Tenneville gefuer.

Mat um Depart waren och nees zwee Lëtzebuerger Equipagen, dat mam Bob Kellen an Nathalie Hoffmann um Ford Escort MK2, an dem Max Schiltz a Patricia Wanderscheid um Renault Clio RS.
Fir de Recht waren et just belsch Equipagen, déi hei ugetruede sinn.

De Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann hunn zejoert de Rallye net konnten op en Enn fueren, dofir stounge se awer 2024 ganz uewen um Podium. Dëst Joer wollte se deen Exploit widderhuelen, wat se dann och zimmlech fréi däitlech gemaach hunn. Op der 1. Speciale ware se direkt emol 17 Sekonne méi séier, wéi den zweetbeschten an der Divisioun 4, wou mat Rennpneue gefuer gëtt. De séiersten an der Klass 123, mat Stroossepneue war souguer just 12 Sekonne méi lues. Et sollt dann och net bei där enger Beschtzäit fir de Lëtzebuerger Duo um Ford Escort bleiwen. Trotz Problemer mat der Boîte no der 3. Speciale, konnte si all d’Beschtzäiten op den 8 Specialle fueren.

© Lorick Jacquemin

Um Enn hate se 1 Minutt an 18 Sekonne Virsprong op Plaz 2 a sti soumat verdéngt ganz uewen um Schlusspodium. No enger 3. Plaz beim Rally Isla Mallorca, geet et deemno ganz positiv weider fir den Duo Kellen/Hoffmann.

Plaz 2 an der Klass fir Schiltz / Wanderscheid

Bei engem B-Short ginn et zwou verschidde Speciallen, déi, wéi hei an dësem Fall alleguer 4 mol gefuer ginn.

Beim Duo Max Schiltz a Patricia Wanderscheid um Renault Clio RS huet ee gesinn, dass déi zweet Speciale “Hives” hinne besser louch, op d’mannst emol bei den zwee éischte Passagen. War et nach eng 33. Plaz am Generalklassement no der éischter Speciale (Erneuville), sou si se op der zweeter déi 19. Zäit gefuer, wat gläichbedeitend mat Plaz 2 an hirer Klass war.

© Lorick Jacquemin

Op den zwee leschte Passagen huet et sech méi oder manner agependelt, wat d’Zäiten am Generalklassement ugoung, a sou stempele si no 8 Speciallen op der gudder 22. Plaz am Generalklassement an op Plaz 2 an hirer Klass 4/13, hannert Fiasse/Hauteclair op Peugeot 208 Rally4, déi am Generalklassement op Plaz 3 komm sinn.

Back to Top
CIM LOGO