Écurie Auspuff an ACLSport deele matDen Auto-Duel, deen den 10. Mee zu Monnerech sollt gefuer ginn, huet mussen ofgesot ginn

Andy Brücker
En neien Datum ass nach net bekannt.
© Écurie Auspuff

Eigentlech sollt den 10. Mee op der Kartingpist zu Monnerech eng méi lass sinn. Eng Disziplin, déi sou scho Joerzéngten net méi hei zu Lëtzebuerg gefuer gouf, sollt e grousse Revival feieren. Rieds ass vum "Auto-Duel", wat an den 90er Joren nach ënner "Formula Rallye" bekannt war.

De Plang war, dass hei op der Kartingpist zu Monnerech zwee Autoe géinteneen op Zäit fueren, dat gläichzäiteg op der Streck. D'Autoe ginn eng hallef Streckelängt vunenee starte gelooss a mussen dann zwee Tier op Zäit fueren. De Séierste gewënnt. Duerno ginn d'Startpositioune getosch, an et ginn nach emol zwee Tier gefuer. Sollt et 1-1 stoen, gëtt en decisiivt drëtt Duell gefuer. Deen, deen als éischt zwou Manchë gewonnen huet, kënnt en Tour weider.

Moies stoung eng Qualifikatiounsronn géint d'Zäit um Programm, fir déi 16 séierst Autoen erauszefilteren, déi dann an de jeeweilegen Dueller géinteneen untriede sollten. Wéi den Organisateur eis op Nofro matgedeelt huet, waren 20 Autoen ugemellt, deemno wieren der am Qualifying 4 eliminéiert ginn.

Aus dem "Auto-Duel" den 10. Mee gëtt awer elo näischt, nodeems d'Automobilsport-Federatioun ACLSport dem Organisateur "Écurie Auspuff" huet musse matdeelen, dass verschidden administrativ Demarchen hirersäits nach net ofgeschloss wieren, déi néideg wieren, fir den 10. Mee mat Autoen dierfen op der Kartingspist Course géinteneen ze fueren. Vu Säite vum Organisateur wier alles korrekt a komplett gewiescht, huet eis den ACLSport op Nofro hi bestätegt. Fir z'evitéieren, dass elo weider Onkäschten op den Organisateur duerkommen, huet een déi schwéier Decisioun geholl, den Event z'annuléieren. Wéini genee den Auto-Duel da säi Revival wäert feieren, ass nach net gewosst. Et géif awer um Projet festgehale ginn.

Den nächste Rendez-vous vun der Écurie Auspuff ass Enn Juni um Circuit zu Colmar-Bierg, wou da Slalom um Programm steet.

Back to Top
CIM LOGO