
An der Qualifikatioun hat de Chester Kieffer sech mat zwou sechste Plazen eng gutt Ausgangspositioun bruecht, fir um zweete Weekend vum Porsche Carrera Cup Däitschland wichteg Punkten am Rookie-Klassement ze sammelen.
Déi éischt Course zu Spielberg huet awer staark un déi vum leschte Weekend erënnert. Bei engem Feld vun 30 Autoen ass et virauszegesinn, dass et an der Startphas meeschtens turbulent ass an et vill Gewulls gëtt.
A genee esou ass et och komm. Direkt nom Start koum et zu enger Kollisioun mat e puer Autoen, déi eng Kettereaktioun ausgeléist huet. Dobäi goufen och nees béid Pilote vu Schumacher CLRT, den Chester Kieffer an de Flynt Schuring, an der Ufanksphas aus der Course gerappt, genee wéi schonn zu Imola. Den Hollänner hat awer méi Chance wéi de Lëtzebuerger. De Schuring konnt awer weiderfueren.
Déi éischt Course vum Weekend gouf um Enn vum Marcus Amand aus Finnland gewonnen, dee virum Keagan Masters aus Südafrika an dem Däitschen Alexander Tauscher iwwer d’Arrivée gefuer ass.
Um Sonndeg krut den Chester Kieffer däitlech méi Kilometer op de Compteur. D’Course war och manner turbulent wéi nach den Dag virdrun. Nom Start huet de Pilot vu Schumacher CLRT, wéinst vill Gedrécks, awer siwe Plaze verluer a sech nom éischten Tour op der 12. Positioun erëmfonnt.
Am Verlaf vun der Course konnt sech de Lëtzebuerger zwar nees no vir schaffen, hat kuerz viru Schluss awer nach eng Sortie. Den Impakt vum Samschden huet d'Leeschtung vum Auto um Sonndeg beaflosst. Mat e bësse Gléck konnt hien d’Course awer fäerdeg fueren an ass um Enn op der 16. Plaz klasséiert ginn an dobäi als beschte Rookie iwwer d’Arrivée gefuer.
Gewonne gouf déi lescht Manche zu Spielberg vum Hollänner Flynt Schuring, virum Keagan Masters aus Südafrika an dem Marcus Amand aus Finnland.
Am Rookie-Klassement läit den Chester Kieffer no dësem zweete Weekend vum Porsche Carrera Cup Däitschland mat 50 Punkten op der véierter Plaz an huet 14 Punkte Réckstand op de Leader Montego Maassen.
Déi nächst Course vum Porsche Carrera Cup Däitschland gëtt de Weekend vum 17. Mee zu Spa-Francorchamps an der Belsch gefuer.