MotoGP: Grousse Präis vu SpuenienAlex Marquez wënnt Heem-Grand-Prix, Bezzecchi baut Ecart am General aus

Jeff Birsens
Den Alex Marquez konnt sech bei sengem Heem-Grand-Prix a Spuenien duerchsetzen. Ënner anerem géint säi Brudder Marc Marquez, fir deen d'Course wéinst enger Chute scho fréi eriwwer war.
Team Ducati Lenovo Team's Marc Marquez competes with Team Gresini Racing MotoGP's Alex Marquez during the MotoGP Spanish Grand Prix at the Jerez racetrack in Jerez de la Frontera, on April 26, 2025. (Photo by JORGE GUERRERO / AFP)
Den Alex Marquez un der Spëtzt vum Grousse Präis vu Spuenien.
© AFP

Den Alex Marquez huet de Grousse Präis vu Spuenien bei der MotoGP um Circuit vu Jerez gewonnen, dat virum Marco Bezzecchi, dee säi Virsprong am WM-Klassement domat weider ausbaut. De Podium komplettéiert huet de Fabio Di Giannantonio. Nom Depart war et dem Marc Marquez ufanks gelongen, seng Féierung op der Pole Position ze verdeedegen, hannendrun huet sech nach bannent der éischter Ronn säi Brudder op déi zweet Plaz gesat. Domat hat den Alex awer nach net genuch a sou konnt hie sech e puer Ronnen drop un d'Spëtzt setzen. Fir de Weltmeeschter Marc Marquez war d'Course da kuerz drop eriwwer, nodeems hien an der Kéier 11 gefall ass. Vir konnt sech den Alex Marquez dann e relativ komfortabelen Ecart vun iwwer zwou Sekonnen opbauen, dee bis zum Schluss kee méi ageholl krut.

An der Moto2 ass d'Victoire un de Senna Agius gaangen, dat mat 0.885 Sekonne viru sengem Teamkolleeg Manuel Gonzalez, dee weider un der Spëtzt vum WM-Klassement bleift. Déi drëtt Plaz war fir de Collin Veijer.

An der Moto3 huet sech de WM-Leader Maximo Quiles duerchgesat, dat mat 1.991 Sekonn virum Adrian Fernandez an 2.009 Sekonne virum David Muñoz.

Resultat MotoGP

1. A. Marquez 20:48.861
2. M. Bezzecchi +1.903
3. F. Di Giannantonio +5.796
4. J. Martin +9.229
5. A. Ogura +9.891
6. R. Fernandez +10.614
7. J. Zarco +13.039
8. E Bastianini +14.411
9. F. Aldeguer +19.778
10. P. Acosta +22.431

Resultat Moto2

1. S. Agius 35:17.948
2. M. Gonzalez +0.885
3. C. Veijer +1.107
4. D. Alonso +2.032
5. C. Vietti +4.212
6. D. Muñoz +10.013
7. I. Guevara +10.660
8. T. Arbolino +11.649
9. A. Escrig +12.289
10. I. Ortola +12.564

Resultat Moto3

1. M. Quiles 33:23.556
2. A. Fernandez +1.991
3. D. Muñoz +2.009
4. M. Morelli +2.049
5. A. Carpe +9.926
6. V. Pratama +10.027
7. V. Perrone +11.526
8. D. Almansa +11.601
9. J. Rios +11.482
10. J. Esteban +11.647

General MotoGP

1. M. Bezzecchi 101
2. J. Martin 90
3. F. Di Giannantonio 71
4. P. Acosta
5. M. Marquez 57
6. R. Fernandez 54
7. A. Marquez 53
8. A. Ogura 48
9. F. Bagnaia 34
10. E. Bastianini 30

General Moto 2

1. M. Gonzalez 59.5
2. S. Agius 50
3. I. Guevara 45
4. C. Vietti 43
5. D. Holgado 38
6. D. Alonso 37
7. D. Muñoz
8. A. Escrig 30
9. C. Veijer 29.5
10. T. Arbolino 24.5

General Moto3

1. M. Quiles 90
2. A. Carpe 53
3. A. Fernandez 49
4. V. Perrone 47
5. M. Morelli 45
6. V. Pratama 37
7. G. Pini 36
8. D. Almansa 33
9. B. Uriarte 28
10. D. Muñoz 22

Back to Top
CIM LOGO