
Wie fréi gebucht hat, krut e reduzéierten Tarif vu 5 Euro.
Vun elo a bis d'Enn vum Joer kann een d'Stad nees gratis besichen.
D'Stad hat d'Mesure 2024 als Test agefouert, fir de Massentourismus ënner Kontroll ze kréien. D'Zuel vun de Visiteuren ass awer bis elo net zeréckgaangen.
Fir d'nächst Joer gëtt iwwerluecht, d'Entrée op besonneschen Deeg op 30 bis 50 Euro ze erhéijen. Dozou wier awer nach d'Zoustëmmung vun der italieenescher Regierung néideg.