Eng Woch laang huet de Scoutscamp vun der FNEL zu Miersch gedauert. All véier Joer gëtt dëse fir d'Wëllefcher, dat si Kanner tëscht 8 an 11 Joer, organiséiert. Op déi fënnef verschidde Kontinenter sinn déi Jonk gereest, fir de Weltkompass rëmzefannen. D'Begeeschterung bei de Jongen a Meedercher war riseg grouss.
300 Jonker a ronn 100 Mann Personal hu sech e puer flotter Deeg gemaach. D'Preparatioun op esou e Camp dauert am Schnëtt ee Joer. Vun de Verkleedungen, d'Geschicht opbaue bis hin zum Verdeele vun den Aufgaben.
D'Kanner an deem Alter mussen an eng Geschicht agebonne gi mat engem roude Fuedem a Personnagen, déi si iwwer d'Zäit vum Camp oder enger Kolonie begleeden.