E "Comeback-Kid" mat SkandalerFréieren US-President Bill Clinton kritt 80 Joer

RTL mat AFP
De Bill Clinton ass bekannt fir säi Charisma, Skandaler an Affären. Elo kritt de fréieren US-President schonn 80 Joer.
Symbolbild
© JP YIM/Getty Images via AFP

"Ech sinn nach ëmmer méi jonk wéi den Donald Trump": Mat deem Saz hat de Bill Clinton virun zwee Joer fir e Schmunzele gesuergt. E Mëttwoch feiert de fréieren US-President, gutt zwee Méint nom Trump, säin 80. Gebuertsdag.

Dat Wäisst Haus hat den Demokrat scho virun engem Véierelsjoerhonnert verlooss, ma nach ëmmer mécht hie Schlagzeilen. Enn Juli zum Beispill hat d'Washington Post gemellt, dass eigentlech de Bill Clinton d'Sozialhëllef gestoppt an de Wee preparéiert hätt fir de Maga-Slogan (Make America Great Again). Et gouf drun erënnert, dass de Clinton de Programm fir Sozialhëllef aus dem "New Deal" aus den 30er Joren ofgeschaaft hat. Deemno hat hien nach virum Trump d'Sozialleeschtunge gekierzt.

"Ech sinn e Comeback-Kid"

Dëse Spëtznumm huet hie sech selwer ginn. Dem Clinton säi politescht Liewen ass begleet vu Gerüchter, Virwërf, Intrigen a Skandaler. Koum hien un d'Stolperen, krut hie sech ëmmer nees opgefaangen. Dacks sinn et d'Géigner, déi de Kierzere gezunn hunn.

Och bei den Affären ëm de verstuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein ass de Bill Clinton net verschount bliwwen. Fotoen aus de viru kuerzem verëffentlechten Epstein-Dokumenter weisen hien ënner anerem an engem Pool nieft der Epstein-Komplizin Ghislaine Maxwell, déi hirem Frënd jorelaang Mannerjäreger zougespillt hat. An deem Kontext huet de Clinton sech zesumme mat senger Fra Hillary missen enger Unhéierung virum Kongress stellen. Do hat de Clinton ausgesot, fir seng politesch Stëftung mam Privatfliger vum Epstein gereest ze sinn. Hien huet allerdéngs ofgestridden, vu senge Verbriechen eppes gewosst ze hunn.

Gebuer gouf de William Jefferson Clinton den 19. August 1946 an der Klengstad Hope am US-Bundesstaat Arkansas. Nom Doud vu sengem Papp bei engem Autosaccident ass hie bei senger Mamm a sengem Stéifpapp Roger Clinton opgewuess. Obschonn dësen Alkoholiker war, huet de Clinton säi Familljennumm ugeholl. Hien huet Saxofon an der Schoulband gespillt, Droit studéiert an huet un der Eliteuniversitéit Yale d'Hillary Rodham kenne geléiert. D'Koppel huet sech 1975 bestuet. An all der Zäit dono, Skandaler hin oder hier, ass si ëmmer u senger Säit bliwwen. D'Clintons gëllen als Power-Koppel.

© JOHN MOORE/Getty Images via AFP

Mat Hëllef vu sengem Charisma a sengem Talent, ze schwätzen, hat de Bill Clinton de Wee an d'Politik fonnt. Mat 32 Joer war hien de bis dato jéngste Gouverneur vum südleche Bundesstaat Arkansas. Zéng Joer laang hat hien dëst Amt. No senger däitlecher Victoire géint den George H.W. Bush (Senior) bei der Presidentschaftswal 1992 goung de Wee dunn an d'Wäisst Haus. Historiker sträiche bei sengen zwou Amtszäite vun 1993 bis 2001 de staarke Wirtschafts- an Jobwuesstem souwéi d'Fräihandelsofkommes mat Kanada a Mexiko (Nafta) ervir. Kritiker reprochéieren him den Ofbau vun der Sozialhëllef.

Ganzer fënnef Mol war de Clinton an Däitschland op Besuch a besonnesch zum Bundeskanzler Helmut Kohl hat den deemolegen US-President, trotz Altersënnerscheed vu gutt 16 Joer, en enkt Verhältnes. Bei der Trauerfeier vum Kohl 2017 huet de Clinton hien als de "bedeitendsten europäesche Staatsmann zanter dem Zweete Weltkrich" gewierdegt. Hien huet esouguer emotional zouginn, hien hätt de Kohl gär gehat.

Gär hat hien awer och vill Fraen. Dëst huet dann och fir vill Schlagzeile gesuergt. Ëmmer nees ass de Clinton wéinst sengen Affären a Virwërf vu sexueller Belästegung ënner Drock geroden. Dee bekanntste Skandal war wuel deen ëm d'Stagiaire Monica Lewinsky. Déi Affär hat hie bal säin Amt kascht. D'Ligen, "keng sexuell Bezéiung" zu der 27 Joer méi jonker Fra gehat ze hunn, hat hiren Héichpunkt 1998 am Kader vun engem Verfaren, fir hie vu sengem Amt z'enthiewen. De Senat hat hien deemools fräi gesprach. Vun engem richtege Clinton-Dilemma war Rieds, vun enger "zolitter Politik" an engem "brillante Geschéck", awer engem "ruckelzege Behuelen".

© STAFF/AFP

Nodeems d'Amtszäit offiziell eriwwer war, gouf de Bill Clinton 2004 um Häerz operéiert, véier Bypäss krut hie geluecht. Fir d'Relève war do scho gesuergt. Seng Fra Hillary Clinton huet deen Ament am US-Senat geschafft, gouf Ausseministesch ënnert em Ex-US-President Barack Obama an hat och d'Wäisst Haus uviséiert. Als Kandidatin vun den Demokrate fir d'Presidentschaftswal koum si allerdéngs 2016 net géint den Trump un.

No dëser Waldefaite huet sech d'Clinton-Koppel quasi komplett zeréckgezunn an huet sech ëm hir Duechter Chelsea an déi dräi Enkelkanner gekëmmert. Nodeems den Trump 2024 op en Neits d'Wal gewonnen huet, koumen ënnert dem Titel "Citizen: Mäi Liewen nom Wäissen Haus" dem Bill Clinton seng Memoiren eraus. Doran huet hien den Trump als Autokrat kritiséiert, schwätzt awer virun allem vu sengem eegene gesellschaftlechen Engagement.

An de Club vun den 80 Joer ale Politiker reit sech dann awer och nach en enke Frënd vum Bill Clinton: De Republikaner a fréieren US-President George W. Bush (Junior). Dësen hat de 6. Juli Gebuertsdag a krut vum Clinton gratuléiert mam Saz, dass d'Frëndschaft iwwer d'Parteigrenzen ewech him besonnesch wichteg wieren. A fir dem Trump nach eng kleng ranzewiergen: "Eist Land ass méi staark, wa mir eis un dat erënneren, wat eis eent. Well dat ass méi grouss wéi dat, wat eis trennt."

Back to Top
CIM LOGO