Sonndesinterview mam Laura Lentz"Ekonomie ass extrem villfälteg an d'Zukunftschancë si gutt"

Lara Beidler
Am Sonndesinterview schwätzt d'Laura Lentz iwwer hir Passioun fir d’Ekonomie an d’soziaalt Engagement. Nodeems déi jonk Studentin vun der Uni Innsbruck als “Student of the Year” ausgezeechent gouf, geet hir Rees zu Wien weider.
Sonndesinterview mam Laura Lentz
Am Sonndesinterview schwätzt d'Laura Lentz iwwer hir Passioun fir d’Ekonomie an d’soziaalt Engagement.

Fir d'Laura Lentz spillt sozialen Engagement eng immens wichteg Roll an dëst gouf hir quasi duerch hir Mamm an d'Wéi geluecht.

"Ech hu vu Klengem u materlieft, wat et heescht, sech sozial z'engagéieren."

Schonn am Lycée war d’Laura Lentz Studentenambassadrice bei Unicef, ee Schrëtt, deen hir gewisen huet, wéi hir Zukunft weidergoe sollt. Op der Uni ass et du weidergaange mam gesellschaftlechen Engagement. Als Studentenambassadrice vun der “Aurora European University Alliance” – eng Zesummesetzung vun néng Universitéiten – huet si sech mat Theeme wéi dem Klimawandel auserneegesat. Duerch Reesen op Bréissel oder op eng Klimakonferenz zu Roum am Kader vun engem Erasmus-Projet konnt si weider Erfarunge sammelen. Dat ass awer nach net alles. Déi engagéiert Studentin war och als Head of Marketing am "Börsenveräin" zu Innsbruck aktiv, wou si ënner anerem fir den Austausch tëschent de Studenten zoustänneg war.

Dës Méi huet sech viru Kuerzem ausbezuelt. D'Uni zu Innsbruck huet déi 22 Joer jonk Fra als “Student of the Year in Management and Economics” ausgezeechent. E Präis, deen net nëmmen d'Resultat vun excellenten Notten ass, mee och dat soziaalt Engagement berécksiichtegt. “Dat huet mech glécklech gemaach ze gesinn, dass et net nëmmen op déi akademesch Leeschtung ukënnt, mee och wéi ee sech soss nach am Liewen engagéiert.”

"Do war de Choix schnell gefall"

Ier et fir d'Laura Lentz op Innsbruck gaangen ass, gouf de Grondstee fir hir berufflech Passioun an hirer Heemecht geluecht. Nodeems si d'Primärschoul an déi éischt Jore vum Lycée zu Miersch gemaach huet, ass si dunn op Quatrième an den Dikrecher Kolléisch (LCD) gewiesselt. Et war och do, wou hire Virwëtz fir d'Wirtschaft ugefaangen huet.

“Ech hat eng ganz motivéierend Proff am LCD an déi huet den Interessi fir d'Ekonomie a mir geweckt an dunn hunn [...] ech ugefaange mech lenks a riets bëssen z'informéieren an do war de Choix schnell gefall.”

Haut ass d'Studentin der Meenung, datt d'Ekonomie fir jiddereen eng Chance kéint sinn. “Wann een nëmmen e bëssen Interessi un der Ekonomie huet, soll een et probéieren. Et ass extrem villfälteg an d'Zukunftschancë si gutt.”

"An d'Bierger wandere goen, mécht de Kapp fräi"

Nom Lycée huet et d’Laura Lentz dunn op Innsbruck verschloen. D'Stad huet d'Mierscherin direkt begeeschtert. “Dass eng extrem oppen a sozial Stad”, fënnt si. Nieft der Méiglechkeet séier Leit kennenzeléieren an eng lëtzebuergesch Gemeinschaft ze hunn, bitt d'Alpestad eng gutt Work-Life-Balance. “An d'Bierger wandere goen, mécht de Kapp fräi [...] vum ganzen Unistress. Am Wanter geet ee Schi fueren.”
 
De Studium zu Innsbruck, dee bilingual op Englesch an Däitsch gehale gëtt, war mat engem obligatoreschen Auslandssemester verbonnen. Dësen huet d'Studentin wärend véier Méint zu Dublin um University College absolvéiert. “Et war eng extrem wäertvoll Erfarung. Ech hu Leit aus der ganzer Welt kenne geléiert [...]. D'Land ass och extrem schéi vun der Natur hier, do kann ee ganz vill gesinn.“

De Bachelor huet déi jonk Studentin an der Täsch, lo geet et weider op Wien op d'Wirtschaftsuni (WU), wou si Ekonomie am Master studéiere wäert. Fir si ass et e logesche Schrëtt vun enger klenger Stad an eng Groussstad ze wiesselen, fir um professionellen Niveau weiderzekommen.
 
Nom Master well d'Mierscherin dann op déi international Bün. Si huet kloer Ziler: Grouss Organisatioune wei d'OECD, d'NATO an d'EU interesséieren d'Ekonomistin enorm. “Dat sinn alles grouss Institutiounen, déi mech extrem interesséieren, well si en internationale Fokus hunn [...] an déi grouss Problemer uginn.“

Back to Top
CIM LOGO