Mat enger Delegatioun vu 26 Lëtzebuerger si mir den 9. August zu Ettelbréck gestart a vun do aus iwwert Bréissel, Dakar a Richtung Mboro gefuer. Sur place si mir mat ganz vill Oppenheet, Gaaschtfrëndlechkeet an enger immenser Stëmmung begréisst ginn.
An der éischter Woch vum Camp krute mir nieft Mol- am Handwierksaarbechte scho ganz vill gemaach. Mir renovéieren d'Klassesäll vum "Centre de Ressources Éducationnelles et de Promotion des Enfants". Donieft krute mir eisen Zentrum, de CIFOP – Centre International de Formation Pratique, gewisen a goufe méi iwwert déi verschidde Formatiounen an Aktivitéite gewuer.
Des Weideren hate mir schonn interkulturell Aktivitéiten ënnert anerem och ee senegaleseschen a lëtzebuergeschen Owend a konnten éischt Erfarungen och bei de Vakanzenaktivitéite fir d'Kanner aus dem Quartier sammelen.
Natierlech ass och den touristesche Volet ofgedeckt ginn, esou dass mir och eng Moschee op Tivaouane an och ee Rallye duerch Mboro selwer geplangt hunn. Nach bis den 23. August geet eisen onvergiessleche Chantier mat de "Jeunes Éclaireurs et Éclaireurses du Sénégal". Mir si gespaant, op dat, wat nach kënnt a freeën eis op déi kommend Woch.