No Mëssverständnis ewechgeheitLottoschäi mat Millioune-Gewënn a Poubellë fonnt

AFP, iwwersat vun RTL
Eng Fra a Süditalien huet no engem Mëssverständnis hire Lottoschäin ewech geheit. Eréischt doheem mierkt si, datt si den Jackpot geknackt huet. Eng opwenneg Sichaktioun mat um Enn Tréine vun der Eliichterung.
De Chef vun der Entreprise SANB Roberto Nicola Toscano
© Nicola Roberto Toscano

Den italieenesche Service vun de Poubellen huet e Lottoschäin am Wäert vun enger Millioun Euro erëmfonnt an domat enger verzweiwelter Gewënnerin zu hirem Gléck verhollef. De Schäin wier "wéi duerch e Wonner nach ganz gewiescht", esou de Chef vun der Entreprise SANB an der süditalieenescher Regioun Apulien, de Roberto Nicola Toscano. Hien hat ee vun hiren Drecksween duerchsiche gelooss, nodeems sech d'Gewënnerin gemellt hat.

D'Fra hat e Sonndeg an der Lottofilial ëm den Eck gepréift, ob hir Zuelen - ëmmer déi selwecht Kombinatioun - gewonnen hat, sot den Toscano. Dobäi huet den Automat ugewisen, datt de Schäin net auszebezuele wier. Wéi sech méi spéit erausgestallt huet, louch dat dorun, datt kleng Butteker nëmme kleng Gewënner ausbezuelen dierfen. Dat wosst d'Gewënnerin awer net - an huet de Schäin ewech geheit.

Doheem huet hir e Familljemember erzielt, datt si mat hirer üblecher Zuelekombinatioun den Jackpot gewonnen huet, wouropshin déi zwee sech direkt op de Wee zréck bei d'Lottofilial gemaach hunn. An der Tëschenzäit waren do awer d'Poubellen eidel gemaach ginn, an domat och de Lottoschäin. "Mir hunn de Wee vum Schäin suivéiert, ouni grouss Hoffnung, well e scho vun engem Dreckswon ofgeholl gi war", sou den Toscano. Mat e bësse Gléck wier et awer gelongen, de richtege Won ze fannen an ze stoppen.

Wéinst méiglecherweis geféierlechem oder gëftegem Dreck huet eng Spezialfirma d'Sich nom Schäin iwwerholl. Een Dag laang hu Mataarbechter am Dreckswon gesicht. Dobäi hu si e puer Lottoschäiner fonnt - an eben och den dréngend gesichte Schäin. D'Gewënnerin hätt vu Gléck gekrasch, wéi hien hir um Telefon déi gutt Noriicht iwwerbruecht huet, sou den Toscano nach.

Déi stonnelaang Sich am Dreck war awer net fir näischt, fir déi staatlech Entreprise SANB si souguer erhieflech Käschten entstanen. Den Toscano huet erkläert, datt hie sech schrëftlech ofgeséchert hätt, datt d'Gewënnerin d'Käschten iwwerhëllt.

Back to Top
CIM LOGO