Esch-Sauer ënner de schéinsten 20 DierferDen Alain Atten iwwer "Esch-am-Lach", wou hien opgewuess ass

Marie Gales
Dem däitsche Wëssensmagasinn "GEO" no gehéiert Esch-Sauer - oder Esch am Lach, wéi den Alain Atten seet - zu den 20 schéinsten Dierfer an Europa.
Esch-Sauer gehéiert dem Wëssensmagazin GEO no zu de schéinsten 20 Dierfer an Europa.
Esch-Sauer gehéiert dem Wëssensmagazin GEO no zu de schéinsten 20 Dierfer an Europa.
© Domingos Oliveira

Am GEO-Ranking fënnt sech Esch-Sauer op der Lëscht vun den 20 schéinsten Dierfer an Europa erëm. Och wann dës Topp 20 aus dem Joer 2023 ass, huet sech bis haut net vill dru geännert. A wie ka besser iwwert en Duerf a seng Geschicht schwätzen, wéi eng Persoun, déi do opgewuess ass. Dofir hu mir de Sproochmates Alain Atten emol zu senger aler Heemescht Esch-Sauer befrot.

De Sproochmates iwwer seng al Heemescht Esch-Sauer

"Et ass ee jo awer faméis frou, wann ee gewuer gëtt, datt ee bei de schéinsten dobäi ass", seet den Alain Atten iwwer de Ranking vu senger aler Heemescht. Ma eppes stéiert de Sproochmates dann awer, "datt keen dem Duerf gär säin alen Numm gëtt: Esch-am-Lach". Well och op Franséisch huet d'Duerf fréier "Esch-le-Trou" geheescht. Dat awer net, well et esou gräisslech do war, präziséiert den Alain Atten, mä "well et bal kee Wee gouf, fir dohinner ze kommen". Ee Wee fir an Esch erof an op der anerer Säit vun der Sauer nees erop. Haut, mat den zwee Tunnellen, ass dat awer anescht.

Dat besonnescht vun Esch-Sauer gesäit ee ganz gutt vun uewen an éischter manner, wann een am Duerf selwer ënnerwee ass: Well d'Sauer zitt an Esch-Sauer "eng Schleef, déi schléit e Bou wéi en Houfeisen. D'Waasser leeft zu zwou Säiten ronderëm d'Buerg". Och dofir konnt ee fréier d'Duerf an dräi deelen. Fir dëst ze gesinn, muss een awer net fléien, mä et geet duer, wann een uewen am Bësch erof op d'Uertschaft kuckt, vun do gesäit een d'Houfeisen gutt. Nieft der Buerg huet Esch-Sauer nach e puer aner Highlighten ze bidden, wéi d'Kräizkapell oder d'Duchfabréck.

Ma nach eng Kéier zeréck bei Esch am Lach. Do hat ee fréier e Lidd, erënnert sech de Sproochmates. Dat huet ee ganz gär gesongen, wann d'Scouten op der Sauer campéiert hunn. Un de Refrain ka sech de Sproochmates nach gutt erënneren: "Viva d'Esch. Mir leien am Lach. Matzen dran!"

Back to Top
CIM LOGO