Traditioun nei zu LëtzebuergDéi véiert Editioun vum Waiter's Hill Race war e verréckt faarwegt Event

Charlie Stone
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Déi véiert Editioun vum Waiter's Hill Race, organiséiert vum Gudde Wëllen, huet d'Corniche an der Stad an eng verréckt faarweg Party verwandelt.
RTL
© RTL

Net lafen, näischt verschëdden a méi Alkohol, wéi een normale Mënsch jeemools sollt drénken. Bei der véierter Editioun vum Waiter's Hill Race - oder op Lëtzebuergesch d'Serveure Bierg Course - waren 31 Serveuren, professioneller an net esou professioneller, um Depart, déi mat engem Platto voller Gedrénks d'Corniche eropgaange sinn.

Zeréck geet dës fir Lëtzebuerg nach nei Traditioun op d'Joer 1914. Deemools hu professionell Serveuren, adrett gekleet, hiert d'Talent an de Stroosse vu Paräis ënner Beweis gestalt. D'Iddi zu Lëtzebuerg ass eng änlech, ma hei falen d'Serveuren awer méi duerch hir faarweg Kostümer - déi vun engem Patient an engem Spidol, deen ënnert der Spidolskleedung just de String unhat, bis zu engem Beiekostüm gaange sinn - op. Vill vun hinnen hunn ausgesinn, wéi wa si an den 80er Jore Sport gemaach hunn.

Waiter's Hill Race: Verréckt an nei Traditioun zu Lëtzebuerg
Eise Mataarbechter Charlie Stone huet sech ënner d'Serveure gemëscht, fir erauszefannen, wéi schwéier dës Competitioun d'Corniche erop wierklech ass.

Dräi Coursse gouf et dann dëst Joer: Zwou Halleffinallen an eng grouss Finall. Déi leschten dräi Joer gouf et just eng eenzeg Course, ma mat dräi Leef wollt ee méi Spektakel fir déi Honnerte vu Leit, déi laanscht d'Stroosse stoungen, ubidden.

U sech ass déi 400 Meter d'Corniche erop scho schwéier genuch, ma fir e bësse méi fir Action ze suergen, hunn d'Organisateuren nach weider kleng Obstakelen agebaut. Esou stounge Béierkëschten an de Féiss, et goufen Trapen agebaut an Damp huet d'Siicht behënnert. De Schnaps, deen et dobäi nach ze drénke gouf, huet d'Saach net vereinfacht. Séier de Parcours ze meeschtere war d'Zil vu jidderengem, ma wann ee Gedrénks, wat een transportéiert huet, verschott huet, krut een automatesch Strofsekonnen.

Och waren d'Halleffinallen an d'Finall sech net ganz änlech. D'Halleffinalle waren all Kéiers zwou Ronnen, wärend d'Finall d'Fitness vun den Erausfuerderer mat véier Ronne richteg op d'Prouf gestallt huet. Och wann et hei an éischter Hisiicht ëm de Spaass goung, gouf et awer och e klenge Geldpräis ze gewannen. Deen huet sech de Sam Tordy geséchert.

"Ech kéint net méi glécklech sinn", sot de Gewënner, deen zwar och dat lescht Joer als éischten iwwer d'Linn koum, ma duerch verschidde Problemer d'Organisateure gemengt hunn, hie misst nach eng Ronn maachen. "Do hunn ech ze vill Waasser verluer a sinn da just de véierte ginn. Dëst Joer koum ech mat mengem Outfit a menge Muskelen erëm, hunn alles ginn a si lo mega glécklech, den Titel gewonnen ze hunn".

Sam Tordy receiving his prize.
Sam Tordy receiving his prize.
© RTL

Et wier awer net en Evenement vum Gudde Wëllen, wann et bei der Course bliwwe wier. Well nieft der Course gouf et nach eng zweet Kompetitioun mat engem Präis: Déi bescht Performance op der Bün. D'Finalisten hunn hei eng Virféierung misste bidden: Wärend der vill en Danz opgefouert hunn, huet eng Persoun e Béier aus sengem Hutt gedronk.

D'Fans, déi mat dobäi waren, kruten eppes gebueden an d'Serveure waren zum Schluss ausgepowert. De Waiter's Hill Race ass eng verréckt Traditioun, déi eis wuel weider wäert erhale bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO