Kallektuffquell am MëllerdallWéinst juristeschen Onkloerheeten, wat d’Responsabilitéit ugeet, wäert esou bal keen neie Stee gebaut ginn

Monique Kater
Obwuel e Stee gebaut gouf, mat deem een bis iwwer d'Quell kënnt, sinn all d'Accèsen zu dësem zou.
Eng natierlech Touristenattraktioun, bei där déi meescht Accèsen zou sinn
D'Kallektuffquell am Mëllerdall suergt fir Diskussiounen an Opreegung bei deenen Deputéierten, déi aus der Regioun sinn.

Et ass bal fir sech ze schummen! Ee vun den Highlights vum Mëllerdalltrail ass just nach iwwer en Ëmmwee z’erreechen. Den deels vermuuschten a geféierleche Stee gouf aus Sécherheetsgrënn zougemaach. Mee weder déi concernéiert Gemengen nach den Ëmwelt- oder den Tourismusministère hu wëlles, en Neibau an Ugrëff ze huelen.

Viru ronn 10 Joer huet d'Naturverwaltung – quasi als Zort Gefale - en e puer honnert Meter laangen, hëlzene Stee opgeriicht, iwwer deen ee kamoud bis bei de Baseng mat glasklorem Waasser konnt trëppelen. Haut si sämtlech Accèsen iwwer d'Constructiounen aus Holz zou. An et gesäit och net esou aus, wéi wann dat sech an dëser Touristesaison nach géif änneren.

Diskussiounen iwwer Etuden daueren scho bal dräi Joer

Ee Gléck ass et esou schéin, hei am Eck an dofir verzeit deen, deen net genee weess, wat leeft, bestëmmt méi séier dass – an där Punkte gëtt et e puer – dass also:

  1. De Stee schonn e puer Saisonen zou ass
  2. Nawell laang an engem lamentabelen Zoustand ass an en Driwwergoen deemno geféierlech gi war
  3. Weder eng Gemeng, nach déi concernéiert Ministere sech virun eis Kamera trauen
  4. An dat fanne mir de Combel: dass an enger Äntwert aus dem Wirtschafts-, an Tourismusministère op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP, dat heiten steet: "A ce stade gëtt et keen Acteur, deen de Projet op laang Siicht wéilt ugoen."

De "wéilt ugoen" seet alles – kee wëllt, a kee muss – an esou kënnt et zu deem Resultat. Et geschitt guer näischt! An d'Leit ginn iwwer Steng duerch d'Baach, op déi aner Säit.
Ma wéi sote se eis am Touriste-Büro vum Mëllerdalltrail: "mir hunn dach aner flott Wanderweeër!"

Et geet net ëm Suen, mee ëm juristesch Kloerheet, sou d’Gemengen  

Och wann den Tourismus hei am Land net mat oder wéinst enger manner gutt accessibeler Kallektuffquell, wäert - opgepasst Wuertwitz - "d’Baach-A-Goen", ass de Problem Een, deen dat ganzt Land betrëfft: et geet nämlech ëm d'Verantwortung.

No enger Interventioun vun der Alexandra Schoos an der Chamber relancéiert  d'ADR Deputéiert de Sujet nach emol schrëftlech, mat enger parlamentarescher Fro. D'Äntwert steet nach aus. 

D'Oppositioun wëllt weider Drock maachen – den Tourismus am ganze Land wier betraff

Och de Ben Streff, LSAP Deputéierten a Co-Auteur vun enger anerer Question parlementaire weess, dass et net duergeet, wann den Tourismusministère elo d'Propos mécht, 75 Prozent vun de Käschte vum Bau vun engem neie Stee z'iwwerhuelen. Als Bäerdrëffer ass och hien enttäuscht, dass et am Dossier net virugeet.

Béid Deputéiert verstinn d'Haltung vun de Gemengen. An hoffen, dass een net misst esouwäit goen, sämtlech Constructiounen op Wanderweeër zouzespären, fir dass d'Gro-Zonen aus dem Gesetz verschwannen.

Dass d'Gemengen net dierfte responsabel gemaach ginn, schéngt evident, well dat hei sinn national Wanderweeër. Eist Beispill: de Stee. Dee leeft op nationalem Terrain a gouf vum Environnement, der ANF gebaut. Si eleng an d'Gebiet ze huelen, an net den Tourismusministère, dee sech als Responsabele gesäit fir dat um Pabeier an net fir den Terrain, schéngt eis och net richteg. Well och dee Minister hat virun zwee Joer eng séier Léisung versprach.

Back to Top
CIM LOGO