Fir vill vun de Leit, déi all Joer op d'Fest kommen, läit genee doran de Reiz. "Et kann ee sech an eng aner Zäit versetzen an e bëssen erofkommen. Et ass e bëssen entschleunegen", erkläert de Romain Back vun der Butschebuerger Buergfest Asbl.
Vill vun de Participante géifen dat mëttelalterlecht Liewen als Hobby nostellen. Fir si wier et eng Méiglechkeet, dem Stress vum Alldag fir e Moment ze entkommen.
Datt et dobäi net nëmmen ëm Kostümer a Kuliss geet, mierkt een op ville Plazen um Site. Iwwer 90 Händler an Handwierker sinn dëst Joer dobäi. Et gëtt geschmitt, gedréint a geflecht – deelweis mat Techniken, déi schonn zanter Joerhonnerten agesat ginn.
Genee dësen Abléck an eng aner Zäit faszinéiert och d'Visiteuren.
"Handwierk vu fréier ass dat, wat mech am Fong am meeschten interesséiert. Ech hunn déi Zäitperiod ëmmer immens spannend fonnt", erzielt ee Visiteur. Fir een aneren ass et virun allem "eng Freed, an d'Zäit zeréck kënnen ze reesen".
D'Zil ass et, datt d'Mëttelalter net nëmmen eng Kuliss bleift. Et soll ee gesinn an héieren, wéi d'Leit fréier gelieft a geschafft hunn. Op ville Plaze kënnen d'Visiteuren och selwer aktiv ginn.
Dobäi kënnt de Spektakel net ze kuerz. Bouschéissen, Ritter a Musek gehéieren zum Programm. Och e Riserad gëtt et – ganz ouni Stroum. Besonnesch fir Kanner gëtt et domat vill ze entdecken. Mee och bei den Erwuessene geet d'Begeeschterung fir d'Mëttelalter heiansdo däitlech méi wäit wéi just en Ausfluch fir ee Weekend.
"Et si mëttlerweil sechs Joer, datt mir heihinner op Diddeleng kommen. Mir amuséieren eis all Joer. Mir genéissen déi Stëmmung hei, d'Kostümer", erzielt ee Visiteur. Hien organiséiert selwer esou Marchéen: "Mir liewen dat duerch an duerch."
Firwat Ritter, al Handwierker a mëttelalterlecht Liewen och haut nach esou vill Leit unzéien, erkläert de Romain Back virun allem mam Kontrast zum modernen Alldag. "Ech mengen, datt d'Mëttelalter nach ëmmer faszinéiert, well et eppes ass, wat d'Leit net esou aus hirem Alldag kennen", seet den Organisateur.
Déi Faszinatioun wier dobäi keng Fro vum Alter: "Ech denken, datt déi Faszinatioun einfach bei klenge Kanner an och erwuessene Leit ëmmer do ass."
D'Zäitrees zu Diddeleng dëse Weekend ass nach net eriwwer. Um Samschdeg geet d'Buergfest bis an d'Nuecht eran, ënner anerem mat enger grousser Feiershow. E Sonndeg erwächt d'Butschebuerg dann nach eng Kéier am Mëttelalter.
Eng weider Info: Drun denke Boergeld matzehuelen. Dëst Joer gëtt et kee Bankomat ob der Plaz.