Naturmusée-Fest 2026Bio- a Geodiversitéit fir unzepaken

Monique Kater
De Leit aktuell Theme ronderëm Bio- a Geodiversitéit op eng onkomplizéiert Manéier ze presentéieren, ass d'Zil vum Fest.
Naturmusée-Fest 2026
Bio- a Geodiversitéit fir unzepaken

Am Stater Gronn gouf et e Sonndeg "Natur" emol aneschters z'erliewen! Den Natur-Musée war fir säi Musée-Fest virun d'Dier a säi Labo an an den Haff vun der Abtei Neimënster geplënnert an huet de Leit Bio- a Geodiversitéit op eng méi praktesch Manéier presentéiert. Als Kiischt um Kuch: eng exzeptionell a ganz rar Vue op Neimënster.

Sech als Expert fir d'Leit Zäit huelen

De Gros vun de Leit wousst vläicht guer näischt vum Musée senger Aktioun. Guer net uerg fënnt de Chef, selwer ganz begeeschtert vun hirem Fest a Fan vum Kontakt mat de Leit. Hinne wier et extrem wichteg, dës ganz aktuell Themen op eng onkomplizéiert Manéier ze presentéieren, an d'Visiteuren d'Thematik selwer entdecken ze loossen.

Den Naturmusée mécht d'Inventairen

Et goung och ëm Geodiversitéit, Fossilien, Gestengs dat ee vläicht zoufälleg opgeraf huet, well et vu ganz fréier zielt. A well eisen Expert sech extra Zäit geholl huet, erzielt hien iwwer d'Déier vu fréier, weist de Kapp vun engem Fësch-Saurier an erkläert, dass deen deck Schanke ronderëm d'Aen hat.

D'Leit kënne mat hire Saache kommen, sief et Steng oder Fossilien, oder esouguer mat engem Stéck vun engem Meteorit, wa se mengen, dass et esou eent wier! Dat wier allerdéngs eng Première hei zu Lëtzebuerg, seet den Direkter vum Naturmusée, de Patrick Michaely. Dat selwecht gëllt iwwregens och fir Insekten, déi engem net kënneg virkommen: am Labo vum Musée ginn déi ënnert d'Lupp geholl.

D'Bëschzecken: eng Spezialitéit vum Musée

Den Naturmusée huet an enger Kollaboratioun mat de Muséeë vu Stroossbuerg, Paräis a Bréissel, e Programm mam Numm "Arthropoda" entwéckelt. Hei fënnt een ënnert anerem digitaliséiert Biller vun Zecken, erkläert de Patrick Michaely, Direkter vum Naturmusée:

De Patrick Michaely erkläert de Programm "Arthropoda"
Am Kader vum Programm kënnen Zecken, déi zu Lëtzebuerg fonnt ginn, identifizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO