ZeienopruffPolice sicht Besëtzer vu geklaute Bijouen

RTL Lëtzebuerg
Gesicht gëtt no de Besëtzer vun zwou Ketten an engem Bracelet.

Am Kader vun Ermëttlungen huet d'Police den 10. September zwou gëlle Ketten an ee Bracelet bei enger Persoun fonnt. Et besteet de Verdacht, dass d'Persoun d'Bijoue geklaut huet.

Besonnesch opfälleg ass, dass eng vun de Ketten en Unhänger an der Form vum Kapp vun engem Adler huet, an dass de Bracelet d'Opschrëft "Royal Divas" dréit.

D'Besëtzer vun de Bijoue respektiv Persounen, déi Informatiounen doriwwer hunn, wou d'Géigestänn hierkommen, si gebieden, sech beim Policekommissariat Verluerekascht ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 40 1000 oder via Mail u "police.luxembourg@police.etat.lu".

Back to Top
CIM LOGO