World Athletics Ultimate ChampionshipsPatrizia van der Weken steet an der Finall a leeft ëm 150.000 US-Dollar

Lynn Kayser
Vum 11. bis den 13. September ginn zu Budapest an Ungarn déi éischt World Athletics Ultimate Championships organiséiert.
D'Patrizia van der Weken zielt iwwer 100 Meter zur Weltelitt.
D'Patrizia van der Weken zielt iwwer 100 Meter zur Weltelitt.
© MILLEREAU PHILIPPE/KMSP via AFP

E Samschdeg den Owend huet sech d'Patrizia van der Weken bei de World Athletics Ultimate Championships fir d'Finall iwwer 100 Meter qualifizéiert. D'Lëtzebuergerin ass an der zweeter Halleffinall mat engem Chrono vun 11,08 Sekonnen op déi véiert Plaz gelaf. Déi véier éischt Leeferinnen aus all Halleffinall hu sech fir d'Finall qualifizéiert.

Um 20.38 Auer geet et fir d'Patrizia van der Weken ëm 150.000 US-Dollar. Dat ass d'Präisgeld fir d'Gewënnerin vun der Course.

An der Finall iwwer 100 Meter kritt et d'Lëtzebuergerin mat der absolutter Weltelitt ze dinn. Mat dobäi sinn d'Julien Alfred, d'Jonielle Smith, d'Tina Clayton, d'Melissa Jefferson-Wooden, d'Sha'Carri Richardson, d'Laanya Williams an d'Amy Hunt.

Wat sinn d'World Athletics Ultimate Championships?

D'World Athletics Ultimate Championships sinn en neit Liichtathletik-Event vum internationale Liichtathletik-Verband World Athletics. Bei der éischter Editioun, déi vum 11. bis den 13. September 2026 zu Budapest organiséiert gëtt, trieden déi bescht Athletinnen an Athleten aus der ganzer Welt an engem kompakte Format géinteneen un. Qualifizéiert hu sech automatesch d'Olympiagewënner vu Paräis 2024, d'Weltmeeschtere vun Tokio 2025 an d'Gewënner vun der Diamond League 2026. Déi weider Plaze goufen iwwer d'Weltranglëschte verdeelt. Um Programm stinn 28 Competitiounen an insgesamt ginn 10 Milliounen US-Dollar Präisgeld verdeelt. Déi eenzel Gewënnerinnen a Gewënner kréien dobäi jeeweils 150.000 US-Dollar (ronn 130.000 Euro).

Back to Top
CIM LOGO