
E Samschdegowend respektiv an der Nuecht op e Sonndeg gouf d'Police ronn 75 Mol wéinst ze vill Kaméidi, Kläppereien, a Streidereie geruff. An de meeschte Fäll hat d'Situatioun sech schonn nees berouegt, wéi d'Beamten op der Plaz ukomm sinn respektiv d'Saach konnt nach op der Plaz gereegelt ginn.
E puer Ausname gouf et awer och:
Eng Persoun, déi e Samschdegowend am CHEM zu Esch ageliwwert gouf, huet do randaléiert. Dat och nach wéi d‘Polizisten op d‘Plaz komm sinn. D‘Persoun ass dowéinst an de Passagearrest komm, fir erëm niichter ze ginn an dobäi kengem eppes ze doen.
E Sonndeg um Hallefnuecht gouf d'Police wéinst enger Kläpperei an e Café op Péiteng geruff. Hei hunn, éischten Erkenntnisser no, zwou Gruppe vun am Ganze siwe Persoune sech an d'Hoer kritt. Wärend dem Sträit ass och eng Fläsch geflunn, an onbedeelegt Persounen, dorënner de Wiert vum Café, goufe blesséiert. Déi siwe Verdächteg Persounen hate sech allerdéngs scho mat zwee Autoen duerch d'Bascht gemaach, wéi d'Police op der Plaz agetraff ass. Si konnten den Owend selwer net méi ermëttelt ginn, et gouf awer eng Enquête an d'Weeër geleet.
Géint 8 Auer e Sonndegmoien hat d‘Police et da mat enger alkoholiséierter Persoun ze dinn, déi an der Stad op den Tramsschinne louch a refuséiert huet, vun do erof ze kommen. Och déi Persoun huet déi nächst Stonnen am Arrest verbruecht.