Wien de Moment op Bënzelt an der Gemeng Wäiswampech komme wëllt, dee muss deemno wéi ee gréisseren Ëmwee fueren, well am a ronderëm d'Duerf zimmlech vill um Stroossereseau geschafft gëtt. Besonnesch kritesch ass d'Situatioun fir déi Leit, déi op den ëffentlechen Transport ugewise sinn. Zanter en Dënschdeg ass quasi keen RGTR-Bus méi op Bënzelt gefuer, wat nawell bei e puer Leit fir gréisser Onzefriddenheet suergt.
Virop beim Ernest Antony. Den 73 Joer ale Pensionär huet kee Fürerschäin an hëlt normalerweis de Bus, fir akafen oder seng Medikamenter an d'Apdikt sichen ze goen. Seng Fra, déi ee Krack méi jonk ass, schafft an der Stad an huet och kee Fürerschäin. Si hätt sech extra fir dräi Wochen een Zëmmer an der Stad gelount, fir op d'Aarbecht ze kommen. D'Gemeng hätt zwar de 4. September an engem Flyer matgedeelt, datt den Duerfzentrum vum 8. September un ongeféier zwou Woche laang komplett fir den Trafic gespaart wier, mee:
"Dee Flyer, dee mir do kritt hunn, do ass näischt ugewisen, wou d'Leit d'Méiglechkeet hunn, wou se da lo eng Alternativ hunn, fir ee Bus ze huelen, fir op den Zuch ze kommen. Dat ass wäit iwwer véier Kilometer ewech vun hei (déi nooste Gare ass zu Ëlwen; Umierkung vun der Redaktioun) ech a mengem Alter a meng Fra huet Asthma, mir kënne keng véier Kilometer duerch de Bësch lafen, fir op den Zuch ze kommen."
Op mobilitéit.lu war ze liesen, datt vum 8. bis de 25. September keen RGTR-Bus op Bënzelt fuere géing. Hien hätt esouwuel bei Ponts et chaussées wéi och bei der zoustänneger Busentreprise nogefrot, an ëmmer wier hien un d'Gemeng verwise ginn. Am Service technique vun der Gemeng hätt een him awer och net kënne weiderhëllefen. Hie gesäit an éischter Linn d'Lokalpolitik an der Responsabilitéit:
"Wat ech beanstanden, dat ass d'Autoritéiten, déi gewielt gi sinn, déi hunn eng Verantwortung vis-à-vis vum Wieler. Déi gi jo net nëmme wéinst hirem schéinen Numm gewielt, déi gi gewielt, fir d'Interessie vun de Bierger ze garantéieren. An den Interessi vun de Bierger ass nu eemol Beweegungsfräiheet a wann déi net ginn ass, da mécht de Buergermeeschter fir mech ee Feeler."
Mir waren dann och op Wäiswampech op d'Gemeng, fir de Buergermeeschter Néckel Polfer mat deene Reprochen ze konfrontéieren, hie gesäit d'Responsabilitéit awer op enger anerer Plaz. D'Gemeng wier nämlech selwer réischt de 7. September doriwwer informéiert ginn, datt vum Dag drop u keen RGTR-Bus méi op Bënzelt fuere géing. Grond wier ee Chantier op der Rossmillen, deen zanter Mëtt Juni amgaangen ass an deen nach bis an den Dezember eran dauere wäert. Ponts et chaussées änneren op der Kräizung d'Prioritéit. Beim Service vun de Perturbatioune wier een dovunner ausgaangen, datt d'Kräizung bis zum Schluss vum Chantier komplett zou ass, dat wier awer net de Fall:
"Vu Clierf Richtung Bënzelt, déi Streck ass eigentlech op. An dat war dunn dem Perturbatiounsservice net kloer, well si dat eben och net kommunizéiert kruten. A mir hate scho gëschter um Telefon d'Diskussioun, wiem seng Roll war dat lo, dat weider ze ginn, well normal ass dat jo och eng Saach, déi Ponts et chaussées geréiert."
Hie wéilt awer lo net mam Fanger op ee weisen, et hätt een nämlech eng Léisung fir de Problem fonnt. Vum 14. September u fuere bëssi méi kleng Busser deelweis iwwert eng Zort bessere Feldwee, sou kënnen nieft Bënzelt och nach Holler a Breedelt desservéiert ginn. Dat féiert awer dozou, datt den zentrale Busarrêt beim Musée rural net ugefuer gëtt. "E fiert dann zu Bënzelt an deem Sënn net duerch den Zentrum vu Bënzelt, mee éischter un der Peripherie vum Duerf an doduerch ass de Stopp beim Musée net méiglech, dat wier net machbar. Mee mir wäerten dann eben aner Stoppen do hunn, do ass dann ee beim Stack zum Beispill."
De Chantier am Zentrum vu Bënzelt, wou nieft dem Belag vun der Strooss och d'Drénk- an Ofwaasserinfrastruktur erneiert ginn, soll Mëtt Dezember komplett fäerdeg sinn.
Den ugepasste Fuerplang, dee vum 14.9 bis de 25.9 gëllt, fannt Dir op mobiliteit.lu.