Samu a Rettungshelikopter am AsazVéier Blesséierter bei Accidenter e Samschdegnomëtteg

RTL Lëtzebuerg
D'Secouriste vum CGDIS waren e Samschdegnomëtteg am Norden an op der Musel am Asaz.
De Samu gouf no engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto op der RN12 geruff.
© CGDIS

Kuerz no 15 Auer krute sech op der RN12 tëscht Bidscht a Wolz en Auto an e Moto ze paken. Zwou Persoune goufen hei blesséiert. Nieft de Pompjeeë vu Wolz an den Ambulanciere vu Wolz an Housen, waren hei och de Samu vun Ettelbréck an de Rettungshelikopter am Asaz.

Mol keng zéng Minutte méi spéit gouf dann eng Persoun an der Route de Gilsdorf zu Dikrech blesséiert. Och hei krut en Auto e Moto ze paken. Op der Plaz waren d'Pompjeeë an d'Ambulancieren aus der Nordstad.

Um 16:13 gouf dann e Motocyclist bei enger Chute um CR146 tëscht Stadbriedemes a Greiweldeng blesséiert. D'Pompjeeë vu Kanech an d'Ambulanciere vu Réimech hu sech ëm hie gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO