Trotz sëllegen AsätzSchueberfouer 2026 ouni gréisser Tëschefäll verlaf, sou d'Police

RTL Lëtzebuerg
D'Schueberfouer 2026 ass der Police no ouni gréisser Tëschefäll verlaf, obwuel et 63 verlueren oder fonnten Objeten, 20 Déifställ an ënner anerem 18 Sträitfäll gouf.
Archiv-Foto aus dem Joer 2023.
© Clement Steffen

D'Schueberfouer 2026 ass aus Siicht vun der Police ouni gréisser Tëschefäll verlaf. Wéi all Joer waren d'Beamte all Dag um Site an an der Ëmgéigend am Asaz. Nieft verluerenen, respektiv fonnten Objeten huet d'Police ënner anerem wéinst Déifställ, Sträit an alkoholiséierte Persoune missen intervenéieren.

Am Ganze goufen 63 verlueren oder erëmfonnten Objete registréiert, a 15 Fäll gouf eng Déclaration de perte gemaach. Domat huet dëse Beräich e groussen Deel vun der Police-Aarbecht wärend der Fouer ausgemaach.

Wat Strofdoten ugeet, goufen 20 einfach Déifställ registréiert. D'Beamte sinn donieft bei 18 Sträitfäll intervenéiert, déi keng weider Suitten haten.

Aacht Fäll vun einfacher Kierperverletzung goufe festgehalen. An dräi Fäll huet d'Police wéinst Déifstall mat Gewalt missen agräifen.

10 Interventioune gouf et wéinst Persounen, déi staark alkoholiséiert waren. Ausserdeem huet d'Police sech ëm aacht Kanner gekëmmert, déi hir Elteren oder Begleetpersounen aus den Ae verluer haten.

Wéi d'Police matdeelt, war kee vun dëse Kanner beim gratis Service fir verluere Kanner ugemellt. Dat hätt d'Sich no den Elteren oder Begleetpersoune méi schwéier gemaach.

Weider punktuell Asätz gouf et ënner anerem wéinst Gefierer, déi am Wee stoungen oder ewechgeholl goufen, souwéi wéinst Vandalismus an Drogen-Delikter.

Insgesamt wieren d'Interventioune mat deem vergläichbar gewiescht, wat d'Police bei enger Manifestatioun vun dëser Gréisst gewinnt ass. E gréisseren Tëschefall gouf et der Police no wärend der Schueberfouer 2026 net.

D'Police seet de Visiteuren an de bedeelegte Partner Merci fir hir Zesummenaarbecht.

Back to Top
CIM LOGO