D'Rentrée op RTLAll d'Neiheeten op ee Bléck

RTL Lëtzebuerg
Eng nei Saison start bei RTL! A well d'Welt net stoe bleift, bréngt och dës Rentrée eng Rëtsch interessant Verännerunge mat sech: méi Informatioun um Radio, e puer nei Rendez-vouse vu bekannten Emissiounen an originell Formater, déi et op der Tëlee ze entdecke gëtt.

RTL passt säi Rhythmus un, fir Iech nach besser duerch den Dag ze begleeden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Ännerungen, déi Iech vun der Rentrée un erwaarden. Freet Iech op e sëllegen Neiheeten!

Um Radio: méi dacks de Journal, méi Live

D'Rentrée start um Radio mat nach méi enger staarker Informatiounsoffer. RTL bitt vun elo un dräi zousätzlech Journal-Rendez-vousen, fir seng Nolauschterer an Nolauschterinnen zu de verschiddenen Zäiten nach besser ze informéieren an duerch den Dag ze begleeden: vu méindes bis freides moies ëm 8:30 Auer an owes ëm 18:00 Auer souwéi samschdes moies ëm 8:00 Auer. Egal, wou a wéini Dir eis lauschtert, Dir verpasst näischt a sidd ëmmer um neiste Stand.

Op der Tëlee: méi fréi, méi Talk

Och op der Tëlee steet d'Rentrée am Zeeche vun engem neie Programm am fréien Owend. Mat enger neier Auerzäit, engem neien Interview-Rendez-vous an enger ganz neier politescher Talkshow erweidert RTL säin Owesprogramm.

GOL: De Ball rullt elo méi fréi

D'Futtballfans kënnen de Sam Rickal vun dëser Rentrée un e bësse méi fréi gesinn. De GOL leeft nämlech vun elo un net méi méindes nom Journal, mee scho virdrun an dat ëmmer ëm 19:00 Auer – natierlech ouni dobäi dat ze änneren, wat d'Emissioun ausmécht: Aktualitéit, Analysen an Diskussioune ronderëm de Futtball. Verpasst keng Pass a verhaalt Iech: De GOL gëtt vun elo u méindes owes ëm 7 ugepaff!

Hei geet et bei de Gol um RTL Play

De Magazin – Talk: en neit Interview-Format

Vun dënschdes bis donneschdes ëm 19:00 Auer empfänken den Olivier Catani, d'Fabienne Zwally, de Raoul Roos an den Dan Spogen ofwiesselnd hir Gäscht a féieren ausféierlech Gespréicher mat besonnesche Leit an erzielen aussergewéinlech Geschichten oder spannend Amenter: Hei stinn d'RTL-Gäscht am Mëttelpunkt. Dofir sidd derbäi, wann am Magazin "getalkt" gëtt!

An dat ass nach net alles: Entdeckt de "Studio 2", Är nei Diskussiounsronn

Déi nei Saison markéiert och de Start vum "Studio 2", enger ganz neier politescher Emissioun am Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Als Plattform fir Debatten an Analysen setzt dës Talkshow déi grouss politesch a gesellschaftlech Theemen, déi Lëtzebuerg, d'Groussregioun an d'Welt beweegen, an de Mëttelpunkt. D'Zil ass et, sech ganz bewosst Zäit ze huelen, fir wichteg Sujeten am Detail ze beliichten, verschidde Perspektiven zesummenzebréngen an en anere Bléck op déi Froen ze werfen, déi d'Aktualitéit bestëmmen.

© RTL

Duerch dësen neie Rendez-vous féieren Iech ofwiesselend d'Claude Zeimetz an de Pit Everling. Zesumme mat hire Gäscht leeden déi zwee Journalisten d'Diskussiounen, stellen ënnerschiddlech Iddien a Standpunkter géintiwwer a schafe Raum fir Reflexioun an engem Format, bei deem den Dialog kloer am Mëttelpunkt steet.

Rendez-vous mam Claude Zeimetz a Pit Everling all zweeten Donneschden ëm 20 Auer, direkt nom Journal op der Tëlee an am Livestream op RTL PLAY.

Back to Top
CIM LOGO