No Déifstall vun AlkoholfläschenPolice verhaft zwee Männer zu Wäiswampech

RTL Lëtzebuerg
Am Auto vun de Männer hunn d'Beamten 20 Fläschen Alkohol fonnt.
Béid Männer koume virun en Untersuchungsriichter.
© Laurent Weber

D'Police gouf en Donneschdeg géint 16:10 Auer bei en Akafszenter zu Wäiswampech geruff. Dat nodeems zwee Männer Alkohol am Wäert vun e puer honnert Euro geklaut hunn. Allebéid konnten nach op der Plaz gestallt ginn. Deen Ament hate si déi geklaute Fläsche schonn zeréckginn.

Am Kader vun enger Enquête, huet sech dunn allerdéngs erausgestallt, dass béid Verdächteger scho bannent de leschte Woche mat Déifställ a Bedruch beim Tanken zu Wäiswampech a Verbindung konnte bruecht ginn. Wéi d'Beamten dann hiren Auto duerchsicht hunn, hu si weider 20 Fläschen Alkohol fonnt a saiséiert. Béid Männer goufen op Uerder vum Parquet verhaft a koume virun en Untersuchungsriichter. Hiert Gefier, hir Handyen an déi geklaute Saache goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO