
Géint 21 Auer e Freidegowend ass de Beamte vun der Police an der Géigend vun der Place de la Gare an der Stad e staark alkoholiséierte Mann opgefall. Deen hat virdrun d'Ofspärung vun engem Chantier beschiedegt. Well de Mann déi ëffentlech Uerdnung gestéiert huet, a wéinst sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, koum hien no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.
Kuerz drop krut d'Police dann eng kierperlech Ausernanersetzung tëscht zwou Persoune gemellt, dat och an der Géigend vun der Stater Gare. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hat d'Situatioun sech schonn nees berouegt. Ee vun den involvéierte Männer war awer staark alkoholiséiert an huet sech géigeniwwer de Beamten onkooperativ gewisen. Och hie koum no enger Kontroll duerch en Dokter an den Arrest.
E méi kuriéisen Tëschefall gouf et dann an der Nuecht op e Samschdeg an der Escher Brillstrooss. Hei gouf d'Police geruff, well sech eng staark alkoholiséiert an desorientéiert Persoun Zougang zu engem Geschäft verschaaft hat. De Mann huet sech onkoperativ géigeniwwer de Beamte verhalen. Och hie koum no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.
An allen dräi Fäll gouf e Protokoll erstallt.