"Ech fille mech ganz gutt elo"Astronautin Adenot war als éischt Franséisin op Baussenasaz am All

AFP, iwwersat vun RTL
Fir esou e Baussenasaz am All huet d'Astronautin ënnert anerem 150 Stonnen ënner Waasser trainéiert.
Die Astronautin Sophie Adenot hat die Internationale Raumstation ISS für einen mehrstündigen Außeneinsatz im Weltall verlassen. Die 44-Jährige stieg am Dienstag nach dem US-Astronauten Anil Menon aus der ISS aus, wie auf der Direktübertragung der NASA und ESA zu sehen war.
D'Astronautin Sophie Adenot ass déi éischt Franséisin, déi e Baussenasaz am All huet.
© AFP/Archiv

Déi 44 Joer al Franséisin Sophie Adenot ass en Dënschdeg zesumme mam US-Astronaut Anil Menon aus der Internationaler Raumstatioun ISS geklommen, wéi um Livestream vun der NASA an der ESA ze gesi war. Si ass domat déi éischt franséisch Staatsbiergerin an déi zweet Europäerin, déi sech fir ee sougenannte "Spacewalk" ausserhalb vun der ISS opgehalen huet. Déi éischt vergläichbar Missioun hat déi italieenesch Astronautin Samantha Cristoforetti.

Déi zwee Astronauten haten an der Missioun, béi bal sechsanhallef Stonne gedauert huet, den Optrag, eng Antenn un der ISS ze ersetzen, déi et der Weltraumstatioun erlaabt, mat der Mission control zu Houston, Texas ze kommunizéieren.

Dem Duo ass et zwar gelongen, déi futtis Antenn ze demontéieren, ma well hinnen d'Zäit ausgaangen ass krute si se net méi ersat. Zwee aner Astronauten, den Jack Hathaway an d'Jessica Meir, si wärend dem Asaz an der ISS bliwwen an hunn der Adenot an dem Menon vun do aus mat engem Roboter-Aarm assistéiert.

"Ech si baussen", sot d'Adenot, wou si aus der ISS ronn 400 Kilometer iwwert der Äerd erausgeklommen ass. "Ech fille mech ganz gutt elo." An Opname vun der NASA konnt een d'Adenot an de Menon wärend dem Baussenasaz schwätzen a laachen héieren. D'Adenot hat der ESA no fir de Baussenasaz ënnert anerem 150 Stonnen ënner Waasser trainéiert.

Éischt Franséisin op Baussenasaz am All
Zesumme mam US-Astronaut Anil Menon soll d'Sophie Adenot eng Antenn un der ISS ersetzen.

Back to Top
CIM LOGO