Déi beandrockend Biller weisen d'Effekter vun engem Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,8 op der Richterskala, dat de leschte Mount a Japan de Buedem zum Biewe bruecht huet. De Video gouf elo kuerz eréischt vum Kumamoto-Spidol publizéiert. Am Video ass ze gesinn, wéi d'Mataarbechter hire Patient, dee grad operéiert gouf, probéieren ze schützen. Et war eng vu véier Operatiounen, déi deen Ament gemaach goufen. Dem Spidol no konnt d'Operatioun - genee wéi déi aner dräi - erfollegräich op een Enn bruecht ginn.
Op d'mannst 39 Leit sinn awer beim Biewe gestuerwen, dat den 28. Juli d'Kumamoto-Prefektur am Südweste vum Land gerëselt huet. Eng 6.500 Awunner sinn elo nach an Evakuatiounszentren ënnerbruecht, nodeems Dausenden Haiser beschiedegt goufen. D'Kumamoto-Spidol huet de 5. August nees de volle Betrib opgeholl, nodeems nom Äerdbiewen eng Rei Servicer hu misse suspendéiert ginn.