Nationale CaraPio-Camp 2026 "Blårød"473 Lëtzebuerger Guiden a Scoute verbréngen zwou Wochen an Dänemark

Basile Dell a Julie Weicker
Vum 19. Juli bis den 1. August 2026 organiséieren d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) hiren nationale CaraPio-Camp fir 14 bis 17 Joer al Jugendlecher um Arresøcentret zu Frederiksværk, ronn eng Stonn vu Kopenhagen ewech.

314 Jugendlecher aus dem ganze Land huelen um Camp deel, encadréiert vun 85 Chef- an 62 Staff-Memberen. Mat ronn 40 Tonne Material sinn d'Participanten e Sonndeg, den 19. Juli, mat Busser an Dänemark gereest.

Den Numm "Blårød" , zesumme gesat aus “Blå” a “Rød” an dänesch fir "blo" a "rout", ass net zoufälleg gewielt, mee stellt d'Faarwe vum Foulard, e wichtegt Scoutssysmbol vun de CaraPio, duer.

Wärend zwou Wochen erwaart déi Jonk en ofwiesslungsräiche Programm: eng Stadvisitt op Kopenhagen, eng "Bonne Action" fir d’Duerfbewunner an der direkter Ëmgéigend vun der Campplaz, en Hike iwwer 2 Deeg mat Iwwernuechtung mëtten an der Natur a klenge Shelter, souwéi Klammen a Waassersportaktivitéiten. Och traditionell Scoutsmomenter wéi Veilléeën an d'Versprieche mat engem spirituellen Owend stinn um Programm.

Fir de musikalesche Kader suergt eng Campband bestoend aus 17 CaraPio, Chef a Staff-Memberen, déi nieft dem Camplidd och klassesch Scoutslidder spillt.

Fir déi Dose kleng Kanner vu Staff-Memberen ass eng Crèche ageriicht ginn, fir datt hir Elteren de Camp kënnen encadréieren.

De leschten nationale CaraPio-Camp huet 2022 ënner dem Numm "ZAM" an Éisträich stattfonnt. Dono ass d'Entscheedung vun den 3 Campcheffen Nathalie Gales, Sophie Weber an Tom Van den Bossche gefall, en nationale Camp am Norde vun Europa ze organiséieren.

Weider Biller vum Camp fannt Dir op lgs.lu an an eisem Flickr-Album.

Truppen, déi um Blårød 2026 dobäi sinn
Dem ABC no

Back to Top
CIM LOGO