Police vun TréierZwee presuméiert Täter un d'Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert
RTL Lëtzebuerg
Et geet ëm arméierte Vol. De Parquet vun Dikrech hat am August en europäesche mandat d'arrêt erausginn.
Update: 10.12.2025 09:08
Déi zwou Persounen haten zu Ettelbréck zwéin Autoe geklaut an haten do Waffen derbäi. Kuerz drop ware si an der Äifel festgeholl ginn. Bis zu hirer Ausliwwerung souze si an der JSA Wittlich.