
E Méindeg kuerz no 17 Auer sinn zu Éiter zwee Autoen anenee gerannt. Wéi de CGDIS mellt, gouf heibäi eng Persoun verwonnt.
Um 22:42 Auer war et méi e schroen Accident op der N11 tëscht Jonglënster a Grolënster. Hei war et eng Kollisioun tëscht engem Auto an enger Mobilett. Ënnert anerem de SAMU aus der Stad huet hei mussen an den Asaz.
Weider mellt de CGDIS nach e Camion, deem seng Bremsen op der Aire de Pontpierre Feier gefaangen haten, grad ewéi e bëssen Dreck, deen zu Bouneweg um Dernier Sol gebrannt hat.