
Am Januar waren zwee Männer dowéinst um Stater Geriicht eemol zu liewenslänglechem an eemol zu 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, verurteelt ginn.
Viru knapp 4 Joer war um Schléiwenhaff en Drogendealer a beim Fräiheetsbam eng Prostituéiert ëmbruecht ginn. D'selwecht wéi am 1. Prozess sinn déi zwee Beschëllegt och virun den Appellsriichter bei hiren ënnerschiddleche Versiounen zu deene Faite bliwwen.
De Mann vu 37 Joer, deen um Ufank vum Joer wéinst zwee Morde liewenslänglech kritt hat, huet nämlech erkläert, dass hien Appell gemaach huet, well hien net dofir responsabel wär, woufir hien an 1. Instanz verurteelt gouf. De Mann vu 25 Joer, dee wéinst Bedeelegung um 1. Mord zu 10 Joer festem Prisong condamnéiert gouf, huet iwwerdeems betount, hien hätt näischt mat där Dot ze dinn.
Fir den eeleren Ugeklote wär hie selwer, wat den Doud vum Drogendealer ugeet „e bësse schëlleg", dat awer just wéinst engem Verstouss géint d'Waffegesetz an net wéinst Mord. De Mann ass bei senger Ausso bliwwen, dass hie gefuer wär an deen anere Beschëllegten den Drogendealer erschoss hätt. Hie selwer hätt ënner Schock, Stress an Angscht gestanen. Mam Doud vun der Prostituéierter hätt hien och näischt ze dinn, well hien deem anere Mann deen Owend säin Auto geléint hätt. Dee méi jonke Beschëllegte sot iwwerdeems, Appell gemaach ze hunn, well hie mam Mord um Drogendealer näischt ze dinn hätt. Wuel hätt hie mat am Auto gesiess, ma hien hätt net geschoss; villméi wär hie gefuer an op eemol hätt et geknuppt. „Hien hat e Plang, an ech war den Idiot, dee matgaangen ass", huet de Mann betount.
De Me Rosario Grasso, Affekot vum Mann, dee liewenslänglech krut, huet ënnerstrach, dass säi Client, wat den Doud vum Drogendealer ugeet, ëmmer gesot hätt, hie wär gefuer an deen Aneren hätt geschoss. Wat dee Volet ugeet, wär de Mann „au bénéfice du doute" fräizespriechen. Wouropshin d'Presidentin vum Geriicht gemengt huet, de Mann misst sech wéinst zwee Faite veräntweren. Op deen zweete geet de Me Rosario Grasso e Freiden an, wann dësen Appellsprozess virugeet.