Méi wéi 20 PoliceasätzStreidereien a Kläppereien en masse

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 20 mol huet d'Police an de leschte Stonne bei Tëschefäll mussen agräifen, well Leit sech an d'Hoer kritt haten.
© Laurent Weber

Kläppereien an Sträit

Géint 23 Auer gouf zu Diddeleng eng gréisser Kläpperei gemellt. Aenzeien no hätte sech ronn 10 Persoune mat Still vun enger Terrass geschloen. Ausserdeem wier eng Fënster vun engem Restaurant beschiedegt ginn. Wéi d'Police bis op der Plaz war, hate sech déi bedeelegt Persounen aus dem Stëbs gemaach. Ermëttlunge sinn ageleet ginn.

An der leschter Nuecht ass d'Police op ronn eng Dose weider Kläppereie geruff ginn. Am Fall, wou op der Plaz entspriechend Feststellunge gemaach konnte ginn, ass entweder op der Plaz Protokoll gefouert ginn oder déi Bedeelegt kruten d'Méiglechkeet, spéider eng Plainte ze deposéieren.

Ausserdeem sinn d'Beamten an de leschte Stonnen op zirka 10 verschidde Fäll vu Familljesträit geruff ginn. An zwee Fäll wier et zu sougenannte "Wegweisungen" komm.

Abroch zu Klengbetten

Donieft bleift en Abroch zu Klengbetten ze notéieren. Tëscht 6:30 a 16:30 Auer ass an der Rue Kahler an en Haus agebrach ginn. Op der hënneschter Säit vum Haus war eng Fënster ausgehiewelt ginn. Duerno hunn Onbekannter alles duerchwullt. Nodeems d'Spuresécherung op der Plaz war, sinn Ermëttlungen ageleet ginn.

Back to Top
CIM LOGO