
Den Index ass a Stee gemeesselt a steet net zur Dispositioun an dëser Tripartite. Dat sot de Premier Luc Frieden haut nom Regierungsrot.
Esou guer op Nofro, ob dat eng Modulatioun oder eng Deckelung géing ausschléissen, sot de Luc Frieden.
“Den Indexmechanismus ass net Objet vun de Verhandlunge vun der Tripartite.”
Eng Uso, déi wuel d’Gewerkschafte soll berouegen. D’Union des syndicats aus OGBL an LCGB wollten awer nieft der Kafkraaft och iwwert de Mindestloun, d’Wunnengskris an de Gesondheetssystem schwätzen.
D’Patronat an d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP léiwer just iwwert d’Energiekris an d’Inflatioun.
An esou huet de Luc Frieden virum Staatsministère eng sybillinesch Ukënnegung gemaach, datt d’Tripartite géing dréien
“Ronderëm all déi Froe vun de Konsequenze vun der Energiekris, déi duerch de Krich am Mëttleren Osten entstanen ass. D’Konsequenzen op d’Kafkraaft, d’Konsequenzen op d’Kompetitivitéit vun de Betriber.”
Mee de Premier wollt wuel net schonn am Viraus ee virun de Kapp stoussen. Dofir sot en och:
“An an dem Kader vun de Konsequenze vun dem Krich kënnen da selbstverständlech all d’Sozialpartner, déi Moossnamen mat erabréngen, déi fir si, déi wichtegst sinn, fir déi Effeten do ofzefiederen.”
Eng Hausse géif d’Kafkraaft vun de Mindestlounbezéier stäerken. A wann d’Zënse klammen, erschwéiert dat den Accès op Logementer - dat wier dann och eng Konsequenz vum Krich. Ma dorop ugeschwat, ass de Luc Frieden bewosst vage bliwwen. All d’Sozialpartner wiere fräi Moossnamen op den Dësch ze leeën, esou de Premier, mee:
“Mir kënnen an där Tripartite net sämtlech Froen debattéieren, déi sech am Land stellen, well mir pochen och drop, an dat war de Wonsch vun alle Sozialpartner, datt mer relativ schnell Moossname fir d’Leit a fir d’Betriber fannen. Doraus ergëtt sech an dat wäert och e Konsens sinn, datt mer geziilt op déi Konsequenze vun deem Krich do kucken.”
Wann den Index net manipuléiert gëtt an d'Betriber solle kompetitiv bleiwen, kann ee sech erwaarden, datt d’Regierung de Betriber hëlleft, den Index ze bezuelen. Mee eng budgetär Enveloppe géif fir dës Tripartite nach net ginn, esou de Premier.
