
Wéi e Responsabele vun der Gemeng e Freideg de Mëtteg matgedeelt huet, war eng Stroumpann zu Wolz, déi d'Route de Winseler, d'Rue Michel Thilges an d'Avenue de la Gare betraff huet. Ursaach vun der Stroumpann war wuel eng futtis Stroumleitung duerch ee Chantier, heescht et vun der Gemeng.